Zuch mat EU-Deputéierte lant am Disneyland"Wou Dreem wouer ginn - den neie Slogan vum Europaparlament?"

RTL Lëtzebuerg
Och bei eisen Nopere ginn et ëmmer mol rëm Problemer am Zuchtrafic. Esou ass en Zuch mat EU-Deputéierten an den Disneyland gefuer amplaz op Stroossbuerg.
© RTL

Achterbunnen an Adrenalin amplaz vun enger langweileger Parlamentssëtzung? Dat hätt den Deputéierte vum EU-Parlament bestëmmt och gefall. Wéinst falsch gestallte Weichen ass e speziellen Zuch mat Honnerten Deputéierten a Mataarbechter vum EU-Parlament an de Fräizäitpark Disneyland bei Paräis gefuer amplaz op Stroossbuerg.

“Wou Dreem wouer ginn - den neie Slogan vum Europaparlament?”, kommentéiert de franséischen EU-Deputéierten Emmanuel Foulon op der Plattform “X”. Wéi et vun der franséischer Bunn SNCF heescht, wier den Zuch aus Bréissel aus Versinn op Marne-La-Vallée gefuer. Vun do aus wier en dunn awer an déi richteg Richtung gefuer a mat enger 45 Minutte Verspéidung zu Stroossbuerg ukomm.

Och aner Passagéier vum Zuch hunn den Tëschefall am Internet kommentéiert. “Mir sinn KEE Mickymaus-Parlament”, schreift den däitschen Deputéierten Daniel Freund. De Spriecher vum däitschen Deputéierte spekuléiert iwwerdeem iwwert den Titel vum nächsten Disney-Film: “D’Parlamentssëtzung an den Zuch, deen an d’Vakanz fuere wollt.”

Back to Top
CIM LOGO