"Méi eppes Léiwes kritt Dir haut net ze gesinn"Xavier Bettel spréngt Homolog an d'Äerm - Video geet an Ukrain viral

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Dënschdeg ass de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel op Visitt an der Ukrain.

An deen huet sech, wéi et ausgesäit, extra vill gefreet, säin ukraineschen Homolog erëmzegesinn. Op Videoopnamen aus der Hafestad Odessa, wou sech getraff gouf, fir zesummen den Affer vum Krich ze gedenken, konnt een d’Freed op alle Fall däitlech erkennen. De Xavier Bettel spréngt dem Andrii Sybiha richteg an d’Äerm an dréckt e ganz häerzlech.

Op Tiktok ass dee Clip wéi gesot elo viral gaangen, wat sécher och mam witzegen Zesummeschnëtt ze dinn huet. Sécher läit et awer un der waarmer Begréissung, net fir näischt steet de Clip mat “Méi eppes Léiwes kritt Dir haut net ze gesinn” ënnerschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO