Police selwer nennt Abroch "kuriéis"Yoga um Parking an dono an d'Bäckerei agebrach

RTL Lëtzebuerg
Och wann d'Police a Metropole ganz vill ze gesi kritt, esou en Abroch wéi rezent zu Melbourne war fir d'Beamten eppes ganz Spezielles.

Eng Fra ass an den Haaptsëtz vun enger Bäckereichaîne agebrach. Un där Meldung ass elo wéineg speziell. Dobäi huet si Croissanten, e Puer Schong a Botzmëttel geklaut. Och wann d’Saachen, déi si matgoe gelooss huet, net vun esou groussem Wäert sinn, ass och dëst nach ëmmer kee kuriéise Fakt.

Dat Kuriéist ass virum Abroch geschitt. D’Fra huet nämlech um Parking vum Gebai, wat zu der “Phillippa’s Bakery"-Chaîne gehéiert, nach verschidde Yoga-Übunge gemaach, déi vun der Iwwerwaachungskamera opgezeechent goufen.

Bei hirem Abroch hat d’Fra eng schwaarz Liederjackett, futtis schwaarz Jeans a schwaarz Schong un. Si konnt och no der Dot vun der Police verhaft ginn a muss sech den 22. Mee viru Geriicht veräntweren.

Déi betraffen Entreprise huet “zimmlech iwwerrascht” op dësen Abroch reagéiert. “Wéi et schéngt, ass Yoga e Muss virun engem Abroch”, huet Phillippa’s Bakery op Instagram geschriwwen. Si hunn d’Situatioun dann och genotzt, fir e bësse Reklamm fir sech ze maachen, well d’Abriecherin bei hirer Dot net laanscht hir Croissante koum.

Back to Top
CIM LOGO