
E Méindeg sinn zu Malaga 29,9 Grad gemooss ginn. Dat ass fir Dezember een neien Temperaturerekord. Normalerweis leien d’Temperaturen am Dezember bei ëm déi 17 Grad.
Wéi et vum nationale Wiederdéngscht heescht, wieren esou Temperaturen ouni déi klimatesch Verännerungen, déi weltwäit an a Spuenien observéiert géife ginn, “vill manner warscheinlech”. D’Zuel vun Hëtztwellen huet sech deemno an de leschten zéng Joer a Spuenien verdräifacht.
Déi bis ewell Héchsttemperatur op spueneschem Festland fir Dezember louch bei 29,4 Grad a gouf 2010 zu Granada gemooss.