D'Fuesent ass eriwwerZu Réimech gouf d'Stréifräche verbrannt

RTL Lëtzebuerg
Op Äschermëttwoch gëtt all Joer zu Réimech de Stréimännche verbrannt an an d'Musel gehäit. Domadder ass d'Fuesent dann eriwwer.

2024 ass e Schaltjoer an dofir ass op Äschermëttwoch zu Réimech net de Stréimännchen, ma de weibleche Pendant, d’Stréifräche verbrannt ginn. Zanter 1821 gëtt et dës Traditioun schonn.

Zesumme mat engem Cortège gouf d’Stréifrächen duerch Réimech gedroen, dono dann op der Bréck verbrannt an an d’Musel gehäit. Traditionell huet d’Stréipopp och ëmmer eng eidel Fläsch an en eidele Portmonni dobäi, fir ze weisen, dass et elo duergeet mat der ausgeloossener Fuesstëmmung.

Mat dësem Brauch gëtt de “Wëlle Mann” aus der Stad verdriwwen an d’Faaschtenzäit geet un. Dës dauert, wann dir et nach net gewosst hätt, 40 Deeg.

Back to Top
CIM LOGO