
2000 war et nach all drëtten Erwuessenen, sou d’WHO en Dënschdeg zu Genf. Suerge mécht sech d’Weltgesondheetsorganisatioun virun allem ëm méi Jonker. Tubakskonzerner géingen nach ëmmer net genuch maachen.
Dem WHO-Bericht no konnten zwar 150 Länner duerch méi eng staark Reguléierung, méi héich Steieren oder aner Moossnamen den Tubakskonsum reduzéieren, ma vill Konzerner géinge mat geziilte Strategien dës Erfolleger sabotéieren. D’WHO kritiséiert viurn allem systematesch Versich, Mannerjäreger ofhängeg ze maachen. Den Direkter vun der WHO fir de Service vun der Gesondheetsfërderung, de Rüdiger Krech, hält dës Strategie perséinlech fir kriminell. Hie verweist op eng verstäerkte Lobby-Aarbecht vun de Konzerner, zum Beispill mat Reklamm fir E-Zigaretten oder neiaarteg Nikotin-Produiten, déi sech geziilt u jonk Mënsche riichten. Dës Produite wieren “an dausende Goûten” ze kréien, déi meescht unzéiend fir Kanner, zum Beispill no Vanillsglace oder souguer Gummibärchen.
Am Ganze geet d’WHO vun op d’mannst 37 Millioune jugendleche Konsumentinnen a Konsumenten aus, dorënner 12 Milliounen, déi neiaarteg Tubaksproduite konsuméieren. D’Weltgesondheetsorganisatioun fuerdert dohier genee Daten zum Tubakskonsum bei Jugendlechen, ëmmerhin sollen hirem Bericht no duerchschnëttlech ongeféier 10% vun den Jonken tëscht 13 a 15 Joer weltwäit op d’mannst een Tubaksproduit konsuméieren.
All Joer stierwen ëmmer nach iwwer aacht Millioune Mënschen un de Suitte vum Fëmmen, dorënner geschaten 1,3 Millioune Leit, déi passiv matfëmmen, sou nach d’WHO. An trotz, dass d’Zuel vun de Fëmmerte weltwäit réckleefeg ass, wäert hiert Zil, den Tubakskonsum vun 2010 bis 2025 ëm 30% ze reduzéieren, wuel net erreechen. Nëmmen 52 Länner kommen un dëst Zil erun, dorënner Brasilien. Do ass den Tubaksskonsum zanter 2010 schonn ëm 35% erofgaangen. A sechs Länner gouf zanter 2010 souguer eng Hausse enregistréiert, dat an Ägypten, Indonesien, Jordanien, Moldawien, Oman an an der Republik Kongo.