
D’Police vun Iserlohn deelt e Freideg mat, dass de jonken Onéierlechen nach op der Plaz konnt gestallt ginn. Um Donneschdeg Mëtteg soll hien zu Lüdenscheid e 67-Järege mat engem Messer menacéiert a Sue gefuerdert hunn.
Dësem seng Fra huet energesch reagéiert an d’Leit ronderëm op d’Situatioun opmierksam gemaach. Doropshin ass de Jong fortgelaf.
Nëmmen dräi Minutte méi spéit soll hie versicht hunn, e 65-Järegen ze beklauen. Dobäi soll hien dem Mann en Elektroschocker gewisen an och dunn nees no Sue gefrot hunn. De Mann ass an d’Entrée vun engem Haus geflücht an huet d’Dier vu bannen zougehalen. Den 12-Järegen huet sech dunn duerch d’Bascht gemaach.
No enger kuerzer Poursuite konnt d’Police de Jong an der Ëmgéigend stellen. D’Messer gouf an enger Heck fonnt. Den Elektroschocker ass nach net opgedaucht. Donieft hat de Jong eng kleng Quantitéit Cannabis dobäi.
D’Ermëttler hunn e Verfare wéinst schwéierem Déifstall an zwee Fäll, souwéi Verstéiss géint d’Waffen- a Déidungsmëttelgesetz an d’Weeër geleet. Well de Jong nach mannerjäreg ass, gouf en u senge Elteren ausgeliwwert.