Nei Serie op RTLKI-Kompass mat Neiegkeeten an Trends aus der Welt vun der Kënschtlecher Intelligenz

Charel Theisen
Ëmmer méi Autonomie. Wat bréngen déi nei Modeller, wéi intelligent ginn Autoen a Roboter?
© MATTEO DELLA TORRE/NurPhoto via AFP

D'Entwécklung vun der Kënschtlecher Intelligenz geet weider mat héijem Tempo, esou den RTL-KI-Expert Charel Theisen. An de leschte Wochen hunn e puer vun de gréisste Spiller um Marché nei KI-Modeller virgestallt. Gläichzäiteg gouf um Web Summit zu Lissabon däitlech, datt KI ëmmer méi aus der digitaler Welt eraustrëtt an ëmmer méi konkret Uwendungen am Alldag a fir d'Wirtschaft kritt.

Nei KI-Modeller kënne komplex Aufgaben ëmmer méi selbststänneg léisen

Souwuel OpenAI a Google, wéi och Anthropic hu rezent nei Generatioune vun hire KI-Systemer presentéiert. Déi grouss Innovatioun läit dobäi net onbedéngt an der Vitess, mee an der Fäegkeet, ëmmer méi komplex Aufgaben mat wéineg Uweisungen auszeféieren.

Amplaz datt de Benotzer all Schrëtt am Detail erkläre muss, kënnen déi nei Systemer ëmmer méi autonom schaffen. Si analyséieren eng Aufgab, plangen déi néideg Schrëtt a setzen dës no an no ëm.

Dat weist e kloren Trend: KI entwéckelt sech vu rengen Chatbots zu sougenannten "Agenten", déi Aufgaben ëmmer méi onofhängeg kënne geréieren.

Net ëmmer brauch et dee stäerkste Modell

Trotz de spektakuläre Fortschrëtter ass déi leeschtungsstäerkst KI net ëmmer déi beschte Wiel.

Fir alldeeglech Aufgaben, wéi eng E-Mail ze verfaassen, en Dokument zesummenzefaassen oder séier Informatiounen ze sichen, bréngen och méi kleng Modeller exzellent Resultater. Déi méi grouss Systemer komme virun allem bei komplexen Analysen, Programméierungsaufgaben oder grousse Projeten zum Asaz.

Fir Betriber ass dat och eng Käschtefro, well méi staark Modeller normalerweis méi Recheleeschtung brauchen.

Roboter ginn duerch KI méi flexibel

Nieft de Software-Léisunge stoung um Web Summit zu Lissabon virun allem d'Robotik am Mëttelpunkt.

Wärend industriell Roboter bis elo meeschtens ëmmer déi selwecht Beweegung widderholl hunn, mécht KI se ëmmer méi flexibel. Modern Systemer kënnen hir Ëmgéigend analyséieren, Objeten erkennen an hir Beweegunge spontan upassen.

Dat kéint an Zukunft besonnesch a Lageren, Fabricken oder Logistikzenteren eng wichteg Roll spillen. Och wann humanoid Roboter nach net zum Alldag gehéieren, ginn déi technesch Fortschrëtter ëmmer méi konkret.

Episod 1 - Wat gëtt et Neits um Marché?

Back to Top
CIM LOGO