De Schifermusée a Chrëschtdagsstëmmung?De Chrëschtmaart zu Uewermaartel ass dëse Weekend fir Iech op !

IPL - sponsored content
An engem aussergewéinleche Kader erwaarden Iech am Schifermusée Schmatt-Virféierungen, Ausstellungen, Concerten an eng Rei kulinaresch Entdeckungen.
© Musée de l'Ardoise

De Schifermusée zesumme mat de Frënn vun der Lee an der Gemeng Rammerech invitéieren Iech dëse Weekend zu Uewermaartel op de Chrëschtmaart!

Hei fannt Dir Iwwer 70 Aussteller, flott Kaddosiddien, traditionellt Handwierk, Virféierungen an der Schmëtt a kulinaresch Spezialitéite fir ze schmaachen.

Déi fréier Leekoll verzaubert Iech mat hirem dekoréiertem Spalthaus an der Seeërei, der Leekëppertbar an dem Bopebistro.

Profitéiert och vun de verlängerten Ëffnungszäite vum Schifermusée an entdeckt den ënnerierdesche Parcours duerch déi beandrockend Ofbaukummere vun de Leekëpperten.

De Chrëschtmaart mat de gratis Navetten ass op, Freides Owes vun 7 bis 11, a Samschdes vu 4 Mëttes bis Owes 11 Auer.

Méi op ardoise.lu.

E Gudde Rot mam Schiefermusée zu Uewermaartel: Méindeg 23/11/2026 - 28/11/2026

Back to Top
CIM LOGO