Am TaktD'Marcy, d'Lisa Mariotto, Der Däiwel an d'Caté sinn am Studio

Loïc Juchem
An der Emissioun "Am Takt" hu mir iwwert nei Musek, Optrëtter an och iwwert e Lidd fir Mammendag geschwat.
© RTL Grafik

D’Marcy ass zeréck mat „Until She Minds“, engem energiegeluedenen Alt Pop-Rock Track, deen eng Geschicht vu Frëndschaft, Gefiller an iwwerschratte Grenzen erzielt.

© MARCY

De Song kënnt den 12. Juni eraus – passend zu sengem Optrëtt op de Francofolies zu Esch – et ass déi éischt Release zënter hirer EP „backwoods“ aus dem Joer 2025.

08/06/2026 Am Takt MARCY

D'Lisa Mariotto ass zu Lëtzebuerg keen onbeschriwwent Blat.

© Lisa Mariotto

Scho jorelaang mëscht et Musek an elo ass e ganz neien Album dobaussen. "Do danze mir!" - suergt fir vill Energie an ass de 5. Juni erauskomm. Lidder wéi d'Discoqueen, Baila Baila a Vill Gléck sinn um Album drop, dee vum Roll Rossi produzéiert ginn ass.

08/06/2026 Am Takt - Lisa Mariotto a Roll Rossi

Passend fir Mammendag bréngt d'Band "Der Däiwel" hir nei Single „Deng Mamm“ eraus.

© Der Däiwel

Iwwer d'Entstoe vum Song, d'Geschicht dohannert an hir aktuell Projeten hu mir mat "Der Däiwel" geschwat.

08/06/2026 Am Takt - Der Däiwel

Hannert „I'm Alive“ stécht eng ganz besonnesch Geschicht: De Song ass am Kader vun engem Projet vum lëtzebuergesche Produktiounsstudio FUNKY BABY RECORDS entstanen. D'Caté aus der Belsch hat dat um Radio héieren an huet sech ganz spontan am Hierscht 2025 gemellt, fir mat hinnen ze schaffen.

© CATE

Aus dësem couragéierte Schrëtt ass säin alleréischte Song entstanen – en emotionale Pop-Song, deen eng perséinlech Geschicht erzielt a gläichzäiteg mat vill Energie iwwerzeegt. D'Caté huet elo Loscht richteg duerchzestarten.

08/06/2026 Am Takt - Caté

Lauschtert hei nach emol alleguerten d'Lidder aus der Emissioun vum 08.06.2026:

Back to Top
CIM LOGO