
Op der Nordstrooss Shopping Mile zu Maarnech huet den neie Kleeder- a Schongbuttik Germaine Collard dëst Joer d’Dieren opgemaach.
Mat néng Butteker an der Belsch ass Germaine Collard zënter dësem Joer och fir d’éischt zu Lëtzebuerg vertrueden.
Op ronn 1.400 Quadratmeter fënnt een eng grouss Auswiel u Schong, Kleedung an Accessoirë fir Dammen an Hären, grad ewéi Kaddosiddien an Dekoratiounsartikele fir Äert Doheem.
Mat méi wéi 250 renomméierte Marken ass d’Auswiel grouss: dorënner Ralph Lauren, Lacoste, BOSS, New Balance, Birkenstock a Veja.
Entdeckt déi nei Wanterkollektioun a profitéiert vun der perséinlecher Berodung vun der Ekipp vu Germaine Collard.
Germaine Collard op der Nordstrooss Shopping Mile zu Maarnech. Méi Informatiounen op nordstrooss.lu.