Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moie war de Verfassungsexpert Luc Heuschling.

Déi geplangte Verfassungsreform ass relativ modern, revolutionär ass se awer net an och kee Quantesprong. D'lescht Woch ass den Ofschlossrapport vun der geplangter Verfassungsreform an der zoustänneger Chamberkommissioun ugeholl ginn.

De Professer Luc Heuschling war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun fir den aktuellen Text ze kommentéieren. Den Text wär also modern, mä keng Revolutioun, seet de Verfassungsexpert. Ännerunge fir déi groussherzoglech Famill sinn awer virgesinn. D'Fürstenrecht soll ofgeschaaft ginn. De Grand-Duc ka mat enger 2/3 Majoritéit ofgesat ginn, wann e senge Kompetenzen net richteg nokënnt. An d'Kanner vum Grand-Duc kënnen och aus der Successioun gestrach ginn, dat an exzeptionelle Fäll.

Op ville Plazen an der Verfassung wär nogebessert ginn, sou de Professer Heuschling. 80% wär awer dat haitegt Recht. Un der aktueller Propos géif sech wahrscheinlech net méi vill änneren. Mä deen een oder anere Punkt kéint awer nach nogebessert ginn, zum Beispill, wat d'Verfassungsgeriicht ugeet. D'Bierger sollen dat och kënne saiséieren, wéi dat am Ausland de Fall ass. Zum Beispill nopréiwe loossen, ob d'Trennung vu Kierch a Staat oder d'Vermummungsverbuet beispillsweis verfassungskonform sinn. Den aktuellen Text gesäit dat – obwuel déi Demande do ass - net vir, och d'Oppositioun soll dat Recht net kréien.

Déi politesch Parteie wéilten ënnert sech bleiwen, mengt de Luc Heuschling. Et géif vill hei am Land iwwert de Rechtsstaat geschwat, mä an der Realitéit wär een nach net do ukomm.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Luc Heuschling

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.