„Ech denken, dass de Stage fir e jonken Enseignant néideg ass, fir gutt an de Beruff eran ze kommen, mä 1 Joer formativ Begleedung misst do duergoen.“
Där Meenung ass den Educatiounsminister Claude Meisch, deen e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun war, an dobäi eng wieder Stage-Reform annoncéiert huet.
Concernéiert wiere Leit, déi e Studium hunn, dee se schonns adequat op de Beruff als Enseignant preparéiert. Sief et ‚Lehramt‘ an Däitschland, oder en Diplom an de ‚sciences de l’éducation‘. Des missten da just nach ee Joer Stage maachen.
Dernieft soll déi certificatif Evaluatioun op e Minimum reduzéiert ginn, a méi op formativ Evaluatioun gesat ginn.
De Minister wéilt an de nächste Wochen mat de Gewerkschaften iwwert dee Schrëtt beroden, ier et dann an e Gesetzestext soll ageschriwwe ginn, a schonns vun der nächster Rentrée u kéint spillen.
De Claude Meisch wéilt weider detektéieren a wëssen wat wierklech vun him a sengem Ministère erwaart gëtt.
Dofir mécht hien zanter e puer Wochen schonns e gréisseren Dialog-Tour, mat allen Acteuren ronderëm d’Schoul.
Hien hätt an der viregter Legislaturperiod seng politesch Responsabilitéit geholl a gréisser strukturell Reformen ëmgesat. Lo wier et un der Zäit, fir ze kucken wéi dës gräifen, an dann noutfalls un eenzele Schrauwen ze dréinen.
Dëse Mount sinn dann och 5 gréisser ëffentlech regional Konferenzen, wou de Minister jidderengem wéilt nolauschteren, wéi eng Doleancen et ginn.
Bildung wier eppes vun der ganzer Gesellschaft, dofir wier hien och frou wann vill leit sech abréngen, sou nach de Minister.
E Méindeg de Moie war den Educatiounsminister eisen Invité vun der Redaktioun. Den SNE an den SEW hunn op d’Annonce vum Claude Meisch reagéiert.
De Stage, deen op ee Joer ka reduzéiert ginn, gëtt u sech vun de Gewerkschafte SNE an SEW begréisst, mä si vermësse Konkretes iwwert den Inhalt vum Stage. D’Form an den Inhalt wäre méi wichteg wéi d’Durée.
Den SNE, den Enseignants-Syndicat vun der CGFP, nennt d’Annonce vum Minister eng Ouverture. Mä wéi gesot, wéi gesäit et mam Inhalt aus? Dee misst änneren. Den Ament wär de Stage sënnlos. Déi jonk Enseignante géifen elo éischter d’Loscht um Beruff verléieren, wéi datt se gehollef kréien.
Den SEW, de Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL, mengt, datt de Minister elo op d’mannst zouginn hätt, datt e jorelaang déi jonk Enseignante mat engem sënnlose Stage kujenéiert huet. Et wär ee frou, datt en dat agesäit an eppes ännert. Déi Jonk misste begleet ginn, eng Hëllef kréien.
Déi zwou Gewerkschaften hoffen elo op e Rendezvous mam Minister. Den SEW huet bedauert, datt de Minister zwar op Dialog setzt a bei d’Leit geet, mä et bis ewell net néideg fonnt hätt mat de Concernéierten driwwer ze schwätzen.