Invité vun der Redaktioun (5. Mäerz) - Nicolas HenckesLiberaliséierung vun Ouvertureszäiten, Digitaliséierung fir Geschäfter

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie war den CLC-Direkter eisen Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Radio - Invité vun der Redaktioun
En Dënschdeg de Moie war den Direkter vun der Confédération luxembourgeoise du commerce eisen Invité vun der Redaktioun.

De 5. Aktiounsplang fir kleng a Mëttel- Betriber baut um Virgänger-Plang op. Den Nicolas Henckes, Direkter vun der Handelskonfederatioun, huet am RTL-Interview en Dënschdeg de Mueren zwee Elementer ervirgestrach:

Engersäits soll de cadastre du commerce soll kommen. An dësem steet, wou Geschäfter sinn, respektiv wou der eidel stinn. Donieft gëllt et och, de Lëtz-Shop ze promouvéieren. Dëst ass eng Plattform, wou Lëtzebuerger Commerçanten hir Produite kënnen online verkafen.

Digitalisatioun ass dann och ee Schwéierpunkt vum neien Aktiounsplang. Den Nicolas Henckes huet an deem Kontext ënnerstrach, wéi wichteg Sensibilisatioun a Formatioun wier. Et kéint een awer kee forcéieren a vereenzelt Geschäfter hätten deen Zuch och scho verpasst.

En anere Sujet waren d’Ouvertureszäiten. Den Direkter vun der CLC wëll do eng komplett Liberalisatioun, well den aktuelle gesetzleche Kader wier einfach ze schwéierfälleg. E géif d’Geschäftsleit vis-à-vis vum Internet-Marché benodeelegen.

En Dënschdeg de Moie war den CLC-Direkter eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO