En Donneschdeg de Moie war den Ausseminister eisen Invité vun der Redaktioun.

„Et huet ee kloer eppes am Hannerkapp, wann ee fräiwëlleg op esou eng Plaz geet.“

Dat sot de Jean Asselborn en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun zum Thema Steve Duarte, dem fréiere Resident, dee sech dem IS a Syrien ugeschloss hat, an elo do an engem Prisong sëtzt.

E Mëttwoch hate mer Iech jo an engem längere Reportage gewisen, wéi säi Werdegang a Syrien war, mat Extraite vun engem Interview mam fréieren Awunner vu Meespelt, an engem kurdesche Gefaangene-Lager.

„Et geet een net dohin, fir Fotoen ze knipsen, mä et weess ee wat do leeft, an de Mann huet sech jo laang genuch och dermadder an de sozialen Netzwierker gebretzt“, sou den Ausseminister.

Wann ee sech den"Cretinen" vum IS géif uschléissen, wier dat e bëssen esou, wéi wann ee sech fräiwëlleg an e KZ gemellt hätt, fir do no Uerdnung ze kucken, sou de radikale Fazit vum Jean Asselborn.

Hien hätt vollt Vertrauen an d’Justiz, déi zoustänneg wier. Mer géifen an engem Rechtsstaat liewen, an hie wéilt déi Leit berouegen, déi fäerten, dass fréier IS-Leit nees kéinten zeréckkommen, an hei fräi ronderëm lafen. Dat wier net de Fall.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Jean Asselborn
Asselborn vertraut am Fall Duarte an d'Justiz
En Donneschdeg de Moie war den Ausseminister eisen Invité vun der Redaktioun.