De Steve Duarte, de presuméierten Dschihadist vu Meespelt setzt am Norde vu Syrien an engem geheime Prisong vun den SDF (Syrian Democratic Forces).

Hie goung Enn 2014 iwwert d’Tierkei a Syrien a gouf am Februar dëst Joer zu Baghouz vun de Kurde festgeholl. Seng Fra a seng zwee Kanner setzen an engem Gefaangenelager a Syrien.

De Petz Bartz ass mat enger Kamera a Syrien gereest, fir en Interview mam Steve Duarte ze maachen a méi erauszefannen, iwwert de Personnage a seng Zukunft an d’Manéier, wéi dat Thema vun der Lëtzebuerger Justiz a Politik ugepaakt gëtt.

De Steve Duarte dementéiert bis haut konsequent, Deel vum Islamesche Staat gewiescht ze sinn. Natierlech gëllt d’Présomption d’innocence, mä de Mann verstréckt sech a verschidde Widderspréch a wierkt net 100 Prozent glafwierdeg. Den Interview war natierlech un déi international Konventioun vun de Mënscherechter gebonnen. Et war och keen Affekot am Raum, wéi de Steve Duarte Froe gestallt krut. Zwee Mataarbechter vum kurdesche Geheimdéngscht waren als Zeien am Sall wärend dem Interview an hunn dee parallel opgeholl. An engem Reportage huet de Petz Bartz, zesumme mat enger redaktionneller RTL-Ekipp heiheem vu Pierre Weimerskirch, Raphaëlle Dickes a Jeannot Ries, versicht, Fakten zesummenzedroen, déi d’Liewe vum Steve Duarte opzeechnen.

De kurdesche Geheimdéngscht deelt d’Usiicht vum portugisesche Geheimdéngscht an der Anti-Terror-Eenheet vun der portugisescher Police Judiciaire, dass de Steve Duarte am Januar 2016 aktiv un enger Exekutioun zu Mosul am Irak deelgeholl hätt. Et ass méiglecherweis dat eenzegt Verbriechen, dat dem Steve Duarte eng Kéier kéint nogewise ginn. Ugeklot ass hien dowéinst net. D’Kurde stelle just Dschihadiste viru Geriicht, deenen Iwwergrëff op Kurde kënne nogewise ginn. Sollt de Steve Duarte un den Irak ausgeliwwert ginn, wou d’Verbriechen duerchgefouert gouf, wier d’Uerteel d’Doudesstrof.

Retour op Lëtzebuerg ?

Rechtlech ass e Retour vum Steve Duarte op Lëtzebuerg kaum méiglech. De Mann ass zwar am Februar 1987 hei am Land op d’Welt komm, huet awer déi portugisesch Nationalitéit an der Jurisprudenz no ass säi Resident-Statut mam Verloosse vum Land ofgelaf.

De Steve Duarte huet och keen Affekot, deen hie kéint beim Wee an d’Zukunft beroden.

Déi autonom Kurden am Nordoste vu Syrien, déi de Steve Duarte festhale, sinn international net als Staat unerkannt, wieren deemno och kee legale Verhandlungspartner fir eng lëtzebuergesch oder portugisesch Regierung. Ofgesinn dovun hu weder Lëtzebuerg nach Lissabon bis ewell en Intressi un enger Ausliwwerung vum Duarte ugemellt. Fir de NATO-Partner Tierkei ass d’YPG, den arméierten Aarm vun de Kurden am Norde vu Syrien, eng Terrormiliz.

D’SDF huet iwwer 10.000 Dschihadiste an de Prisonge setzen. A 5 Gefaangenelager, déi iwwert den Nordoste vu Syrie verdeelt sinn, liewe nach eemol e puer Honnertdausend IS-Fraen a Kanner. Eent vun deene Lager ass Al-Hawl, op der Grenz zum Irak. Ënnert mënschenonwierdege Konditiounen ass et bannent Wochen zu enger Pouponnière gi vum Dschihadismus. D’Kurden hu keng Léisung an déi international Communautéit schéngt kaum interesséiert drun, eng ze sichen.

Dat zerstéckelt Kalifat besteet net méi aus engem Territoire, deen zesummenhänkt, mä d'Dschihadiste vum IS si weiderhin eng grouss Gefor fir d’Regioun a wäit iwwert d’Grenzen eraus.

Jean Asselborn: Vollt Vertrauen an d’Justiz am Fall Steve Duarte

En Donneschdeg de Moie war de Jean Asselborn eisen Invité vun der Redaktioun. De Lëtzebuerger Ausseminister huet sech do zum Thema Steve Duarte geäussert.

Wee a geheime syresche Prisong

Wee vum Petz Bartz a geheime syresche Prisong
Den Openthalt vum Petz Bartz a Syrien huet knapp eng Woch gedauert. D‘Preparatioun vu Lëtzebuerg aus hunn zwee Méint gedauert.