En Donneschdeg de Moie war de Syvicol-President eisen Invité vun der Redaktioun.

En Deontologie-Code fir Gemengegewielten ass néideg. Dat huet déi sougenannte Gaardenhäischen-Affaire gewisen.

Sou den Emile Eicher vum Gemengesyndikat Syvicol, am RTL-Interview. En Text fir esou e Code läit och prett.

An deem och Sanktioune mat juristeschen Demarchë virgesi sinn. En ass awer nach net ëmgesat, well en eréischt mam neie Gemengegesetz soll kommen.

Den neie Pacte Logement gëtt den Ament och ausgeschafft. Gutt Usätz sinn, datt kleng a mëttelgrouss Gemengen a Saache Gestioun gehollef kréien. Och datt méi analytesch gekuckt gëtt, wat nach u Bauterrain a Wunnengen disponibel ass. D'Gemenge sollen och selwer Projete subventionéieren. Do mussen si awer finanziell Ënnerstëtzung vum Staat kréien, ënnersträicht de Syvicol-President.

D'Retarde vun de PAGen dann. 15 Joer ass een hei schonn amgaangen. An där Zäit koumen ëmmer nees nei Prozedure bäi, et ass immens komplex an deier fir d'Gemengen. Dat ka bis iwwert 1 Millioun Euro goen. Déi ganz Demarche misst entschlaakt ginn, sou d'Fuerderung vum Syvicol-President Emile Eicher.

Invité vun der Redaktioun: Emile Eicher

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.