E Freideg de Moie war de Lëtzebuerger Ausseminister eisen Invité vun der Redaktioun.

Ech sinn net iwwerrascht iwwer déi absolut Majoritéit vun den Tories, esou reagéiert de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn op déi brittesch Parlamentswalen.

D'Britte wollten elo de Brexit hannert sech bréngen. Dat do ass elo e Signal an dat misst een och acceptéieren, sou den Invité vun der Redaktioun.

Den Jeremy Corbyn war och sou schlecht opgestallt, datt e bal net wanne konnt, d'Positioune vun der Labour waren einfach net kloer, sou de Lëtzebuerger Diplomatiechef.

Dat eenzegt gutt ass, datt ee lo ka plangen, och wa villes wat de Brexit ugeet net kloer ass.

De Brexit-Austrëttsdatum vum 31. Januar  wäert net méi verréckelt ginn, dovunner geet de Jean Asselborn aus.
Elo misst ee kucken, wéi een an Zukunft kann zesumme schaffen. Et bleiwen e puer Méint fir e Fräihandelsaccord auszeschaffen. Groussbritannien bleift op alle Fall e wichtege Partner, och fir Lëtzebuerg, notamment wéinst de Relatiounen tëscht de Finanzplaze London a Lëtzebuerg, sou nach den Ausseminister Asselborn.

Invité vun der Redaktioun: Jean Asselborn

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.