E Mëttwoch de Moie war de Generaldirekter vun der Post eisen Invité vun der Redaktioun.

Dat aalt Postgebai um Aldringen an der Stad bleift am Besetz vun der Post. Dat sot de Generaldirekter vun der Post Claude Strasser de Moien am RTL-Interview. Et géif e Projet ausgeschafft ginn, deen der grousser Valeur vum deem Gebai gerecht géif ginn. Et wier nämlech e Bijou am Post-Patrimoine.

D'Gebai géif kee grousse 5 Stären Hotel ginn. Mä éischter eppes méi Klenges, Genre „Boutiqe-Hotel“.
Et géif och gekuckt ginn, d'Gebai fir de Public zougänglech ze maachen, de Bannenhaff zum Beispill, oder e klenge Commerce ze maachen. Et missten awer nach vill Analyse gemaach ginn.

Wéini genee Pläng virleien, konnt den Claude Strasser net soen.

Wat fréier Postbüroen ugeet, gouf et rezent Kritik, datt déi versteet ginn. Hei huet de Generaldirekter vun der Post ënnerstrach, datt een ëmmer der Gemeng oder ëffentleche Bauträger d'Prioritéit gëtt. Bei elo 4 Gebaier wier keen Interessi vun där Säit do gewiescht.

Postbüroen, där ginn et jo ëmmer manner. De Claude Strasser kann novollzéien, wann ee bedauert, datt e Postbüro am Duerf zoumécht. Mä et géif een Alternative bidden, mat méi Komfort, 10-12 Stonnen Ouvertureszäiten den Dag, mat enger besserer Accessibilitéit. D'Offer fir d'Allgemengheet géif dominéieren. An enger Endsituatioun plangt ee mat 15, 20 maximal 25 grousse Postbüroen uechter d'Land. Plus nach déi zeg Points-poste.

Am Beräich Mobilfunk kéim de 5G nach dëst Joer. Dee soll méi eng séier Vitess bidden. Datt et nach Funklächer am Land gëtt, dat léich um Netz vun den Antennen. Et géif Limitte gi wéinst der Unzuel vu Masten. Sou einfach kéint ee keng Maste méi opriichten. Derbäi kommen ageschränkte Virgaben, wéi staark ka gesent ginn, sou de Claude Strasser. D'Couverture zu Lëtzebuerg wier awer eng vu de beschten op der Welt.

Invité vun der Redaktioun: Claude Strasser