E Freideg de Moien war den UEL-President eisen Invité vun der Redaktioun.

Et war eng gutt Aarbechtssëtzung. Sou huet den President vun der UEL, dem Daachverband vum Patronat, déi lescht Tripartitesëtzung genannt. Den Nicolas Buck war onsen Invité vun der Redaktioun.

Et wier och elo grad an der Kris den Ament, an deem d'Sozialpartner missen zesummeschaffen. Jidderengem säin Input wier elo gefrot.

Den UEL-Chef huet awer un d'Regierung appelléiert, "d'Handbrems lasszeloossen". Et misst virugoen. Grouss Projeten a Saachen, Industrie, Wunnengen, Digitalisatioun missten elo kënnen viru gedriwwe ginn. Projete missten och konkret genannt ginn, wou ee wëll méi séier virukommen. 

Entreprise wiere sech och hirer Responsabilitéit bewosst, wat déi Jonk, déi op den Aarbechtsmaart kommen ugeet. Si missten eng Plaz an de Betriber kréien. Dowéinst wieren d'Hëllefe vun der Regierung an deem Kontext gutt a wichteg.

Laangfristeg gekuckt, do sot den Nicolas Buck vun der UEL, Formatioun an Etüde missten un dat ugepasst ginn, wat an den Entreprisen an Zukunft gebraucht gëtt. Zum Beispill, wann et drëm geet, d'Ekonomie fort ze kréien vun der fossiller Energie. 

Et misst een elo och séier zeréck zu enger normaler Ekonomie kommen. De Staat kéint net konstant artificiell an de Marché agräifen an hie misst jo och un eng Relance gleewen.

Invité vun der Redaktioun: Nicolas Buck

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.