Mam Arméi- a Mobilitéitsminister hu mir ënnert anerem iwwert d'Superwaljoer, den Ukrainkrich an aktuell Mobilitéitssujete geschwat.

"Et bleift derbäi. Ech gi mat an d'Walen a selbstverständlech, wann ech gewielt ginn, huelen ech mäin Mandat un a ginn an d'Chamber, mee ech iwwerhuele kee Mandat an der Regierung." Dat sot e Méindeg de Moien de Vizepremier François Bausch. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun. Hien géing also net just matgoe fir Stëmmen ze sammelen, mee fir senger Partei aktiv beim Generatiounswiessel ze hëllefen.

Hie recommandéiert déi Gréng dann och eng national Spëtzekandidatin an d'Course ze schécken. Déi aktuell Justizministesch Sam Tanson wär senger Meenung no am beschte gëeegent. Donieft soll da pro Bezierk e paritéitesche Spëtzekandidaten-Duo designéiert ginn. Dat misst awer nach an de Partei-Gremien decidéiert ginn.

Déi Gréng setzen Impulser a Klimafroen

Et gëtt een Ënnerscheed, ob een dovun schwätzt oder ob een och dofir antrëtt am Alldag. Déi Gréng wieren net iwwerflësseg a si wieren och nach ëmmer déi Eenzeg, déi aktiv Impulser setze bei Klima- an Ëmweltfroen. Och wa mëttlerweil all d’Parteien erkannt hätten, dass an deem Beräich vill ze maachen ass, hätten déi Gréng den néidegen Know-How, sou de François Bausch. Hien wier frou, dass déi aner Parteien erkannt hätten, dass d'Klimafro wichteg wier, mee déi Gréng hätten de „richtege Kick“ wann et drop ukënnt, fir déi richteg Decisiounen ze huelen. Natierlech géing een net méi mam Kapp duerch d'Mauer goen, déi Zäite wiere fir seng Partei eriwwer, et hätt ee geléiert Kompromësser ze maachen, mee et dierft ee säin Zil net aus den An verléieren.
 
Weiderhi Waffen un d'Ukrain liwweren

Als Arméisminister ass hien der Meenung, dass och Lëtzebuerg weider Waffe kafen an un d'Ukrain liwwere soll. D'Land wär iwwerfall ginn, de Grand-Duché wier a senger Geschicht selwer 2x barbaresch vun Noperen iwwerfall ginn an dofir wéisst een, dass een net einfach nokucke soll. Proportional gesinn, hätt de Grand-Duché schonn extrem vill gemaach. Dem François Bausch no wäert de Krich a Verhandlungen op en Enn goen. Mä dofir misst de Westen d'Ukrain an eng Situatioun vun der Stäerkt bréngen.

Aarbechten am Tunnel Schieburg komme wéi geplangt virun

A propos Mobilitéit dementéiert de François Bausch d'Rumeur, dass den Tunnel Schieburg op der Zuchstreck tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz nach eemol ëm 20 Meter agestierzt wier. D'Aarbechte géinge gutt virugoen. Et géing 20 op 24 doru geschafft ginn an den Ament géing et och duerno ausgesinn, dass den Tunnel wéi geplangt no Ouschteren nees soll opgoen. Mee et wiere komplex Aarbechten, an dofir kéint een ni eng 100 Prozenteg Garantie ginn.

Dëse Méindeg geet iwwerdeems den Autosfestival un. Do wäerten och nees sëllegen Elektroautoe verkaaft ginn. D'Präisser vu verschiddene Marke si schonn däitlech gefall. Dem Mobilitéitsminister François Bausch no muss d'Politik d‘Konditioune schafen, dass all Persoun sech en Elektroauto leeschte kann. D'Infrastruktur – virop Borne fir d'Ween ze lueden - misst och ausgebaut ginn. A wat d'Enn vum Verbrennungsmoteur ugeet, do wier hie kee Frënd vu fracassanten Deklaratiounen mat Verbueter, sou den François Bausch.

Invité vun der Redaktioun: François Bausch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.