En Dënschdeg de Moie waren dem ADR-Vizepresident seng Ambitiounen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Hie wëll e moderaten awer bestëmmten Dialog an der Chamber féieren an op Saachen opmierksam maachen, déi net ginn. Dat sot en Dënschdeg de Moien den Dan Hardy am RTL-Interview. Den ADR-Vizepresident réckelt am Juli an der Chamber fir de Fernand Kartheiser no, deen an d'EU-Parlament wiesselt.
 
D'ADR wier eng riets-konservativ Partei, op kee Fall extreem. D’Partei hätt kee friemefeindlechen Dialog, wéi aner Parteien an Europa. Dat soll och sou bleiwen. Dofir géif hie sech bannent der Partei asetzen. Säi Liblingspolitiker wär ëmmer de Gast Gibéryen gewiescht. Hien hätt ëmmer bewonnert, wéi deen d’Suerge vum Vollek “wonnerbar” ausgedréckt hätt op der Chambertribün. Hie wéilt de “Stil vum Gast” gären opgräifen.

Populismus wier u sech eppes Guddes. Vu Parteien a vun der Press géif dat awer dacks negativ duergestallt ginn. Fir hie wier et awer gutt, well een d’Suerge vun de Leit opgräift. Dat géif him um Häerz leien.
 
Wéi eng Dossieren den Dan Hardy an der ADR-Chamberfraktioun wäert iwwerhuelen, misst nach gekläert ginn. D'Aarmut an den Aarmutsrisiko wieren awer déi Sujeten, déi dem zukünftegen Deputéierten am meeschten um Häerz leien.
 
Am Walkampf fir d’Chamberwalen zejoert stoung den Dan Hardy an der Kritik wéinst engem “Reichsbürger-Symbol” als Profilbild op sengem WhatsApp. En Dënschdeg de Moien drop ugeschwat sot den ADR-Politiker, hien hätt sech näischt dobäi geduecht. Hien hätt d’Symbol schéi fonnt, et wär a Covid-Zäite vill zirkuléiert. Him wär net bewosst gewiescht, datt et vu Reichsbürger, Rietsextremer oder Verschwierungstheoretiker benotzt géif ginn. Et wier him ze domm gewiescht, deemools dorobber ze reagéieren.

Invité vun der Redaktioun - Dan Hardy

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.