Lëtzebuerg an Tréier: Mir hunn eis gären
De Buergermeeschter vun Tréier war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Mir si bal wéi Zwillingen: mir brauchen eis géigesäiteg a mir hunn eis gären. Esou huet de Wolfram Leibe d'Relatioun tëscht Tréier a Lëtzebuerg beschriwwen. Den Oberbürgermeister war eisen Invité vun der Redaktioun. Hie géif d'Aktualitéit hei am Land ganz no suivéieren an all Dag d’Lëtzebuerger Press liesen. Donieft hätt hien enken, direkte Kontakt mat enger Rei Lëtzebuerger Politiker an dat wier och wichteg, fir gemeinsam Interessien ze verdeedegen.
Als Regioun si mer staark
Wat ganz gutt géing lafen, wier dass ee sech als Regioun géing definéieren. Zum Beispill géing ee sech dann och zesumme géint déi ëmstridde rezent Grenzkontrolle wéinst der EM wieren. An och déi virdru wärend der Pandemie. Grad do wiere se komplett onsënneg gewiescht. Vire géinge keng Grenze kennen a fir vill jonk Leit, wéi och seng eegen Duechter, wier dat déi éischte Kéier gewiescht, dass se zoue Grenzen erlieft hätten. "Wat fir ee Quatsch", sou den Invité. Egal wéi staark ee sech als Groussregioun fillt, dierft ee sech näischt virmaachen. Et wier net ëmmer Verständnis do an zu Berlin misst hien och dacks erklären, wéi dat gelieften Europa fonctionéiert.
Integratioun leeft net ëmmer perfekt
Zu Tréier selwer liewe ronn 1.000 Lëtzebuerger. D’Hallschent dovunner wieren tëscht 18 an 30 Joer al, huet de Buergermeeschter nom Interview nach präziséiert. Donieft wiere 700 Lëtzebuerger Studenten op der Uni Tréier. An der Stad Tréier wier d’Integratioun ganz gutt gelongen. Rezent wiere souguer nach zwee Lëtzebuerger mat engem “Ehrenbrief” vun der Stad Tréier ausgezeechent ginn.
Allerdéngs géing ee besonnesch am ländleche Raum de Constat maachen, dass d'Lëtzebuerger éischter ënnert sech bleiwen, wéi an enger klenger Kolonie. Virun 10 Joer hätte kleng Musel-Gemengen nei Bau-Gebidder opgemaach. Vill Lëtzebuerger wieren dohi geplënnert, déi awer am Fong hiert ganzt Liewen nach zu Lëtzebuerg liewen an och hir Kanner Moies mat eriwwer an d’Schoul huelen. Dat wier awer keen Unikum hei tëscht Lëtzebuerg an Däitschland, mee dat géing een zum Beispill och am Elsass gesinn.
D’Kraaft-Ustrengung wier da fir “peu à peu unzekommen an der dierflecher Gemeinschaft". Dofir bräicht et awer Wëllen, sou de Wolfram Leibe.
Lëtzebuerger si gutt fir den Eenzelhandel zu Tréier
D'Lëtzebuerger sinn och wichteg fir d'Ekonomie zu Tréier. Dass de Lëtzebuerger Nationalfeierdag op e Sonndeg gefall ass, op dem d’Geschäfter zou sinn, dat hätt den Tréierer Eenzelhandel gespuert. Bei de Kleeder maachen d’Lëtzebuerger Clienten een Drëttel vum Chiffre d'affaires aus. Bei Bijoue just 2-3 Prozent. Bei de Liewensmëttel-Supermarchéen e Véierel a bei den Drogeriemäert 15-20 Prozent, sou nach den Tréierer Buergermeeschter Leibe.
Eng nei Verbindung tëscht Lëtzebuerg an Tréier
Fir d’Zukunft wier et op alle Fall wichteg, d'Verbindung tëscht Tréier a Lëtzebuerg weider auszebauen, fir d’Pendelen ze vereinfachen. Nom Interview huet de Büro vum Buergermeeschter präziséiert, dass den Ausbau vun der sougenannter "Weststreck" jo amgaangen ass an am Dezember soll a Betrib goen. Domadder gëtt d'Stad Tréier besser mat Lëtzebuerg verbonnen. Bis ewell war déi Streck tëscht Wittlich a Lëtzebuerg just fir de Gidder-Verkéier op. Vun Dezember u sollen dann zweemol d'Stonn Persounenzich do fueren. Dat wier grad fir d'Grenzgänger e groussen Atout.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.