"Mir sinn e Land, wou d'Toleranz vis-à-vis vum Alkohol extrem héich ass"
En Donneschdeg de Moie war d'Sécherheet am Trafic d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Mir däerfen elo net noloossen", sot d’Isabelle Medinger en Donneschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. D’Direktesch vun der Sécurité Routière mengt domadder d’Efforte fir méi Verkéierssécherheet.
D’Zuele vun den déidlechen Accidenter sinn déi lescht 10 Joer ëm 41 % erofgaangen, mä d’Zuel vun de Schwéierblesséierte geet an d’Luucht. Och bannent den Uertschafte ginn et ze vill Accidenter. D’Sécurité Routière setzt sech dowéinst kloer fir eng allgemeng Vitesslimitt vun 30 km/h an den Uertschaften an. Tempo 50 soll just an Ausnamefäll erlaabt sinn. An den Uertschafte ginn et vill Konfliktpunkten tëscht Foussgänger, Cyclisten an dem motoriséierte Verkéier. Genee do soll d’Vitess gedrosselt ginn. Et dierft een dem Auto net nach méi Plaz ginn. Mä et misst ee fir d’Zukunft schaffen, fir déi nächst 15, 20 Joer. D’Infrastruktur wär och ganz wichteg, well dës matdecidéiere géif, wéi mer eis op der Strooss verhalen.
Aschränkungen op der Strooss gefalen awer ville Leit net. D’Politik dierft sech awer net vu Gefiller leede loossen, seet d’Isabelle Medinger. Et misst een d’Zuele kucken. De Cyclist gehéiert zum Beispill zu de Schwaachen am Verkéier. Do géif et och net hëllefen, wann ee seet, d’Cycliste fueren duerch Rout. D’Gefor géif net vum Schwaachen ausgoen.
Den Handy ass och nach ëmmer e grousse Problem hannert dem Steier. Trotz héije Strofe vun 250 Euro an dem Anzuch vu 4 Punkten. D’Direktesch vun der Sécurité Routière géif et sënnvoll fannen, datt och hei am Land – wéi deels am Ausland – mat Kamerae kontrolléiert gëtt, datt een den Handy net benotzt. D’Angscht erwëscht ze ginn, wär e wichtegen Acteur an dat géif och ëmmer sou bleiwen an der Mënschheet.
An der Moyenne gi pro Joer 1.600 Fürerschäiner op der Plaz agezunn, well de Chauffer d'Limitt vun den 1,2 Promill vum Alkoholtaux am Blutt iwwerschratt huet. Dat wär schonn enorm. Lëtzebuerg wär nach ëmmer e Land, wou d’Toleranz vis-à-vis vum Alkohol extrem héich ass. Dat géif et soss néierens méi ginn. Aner Länner hätte méi fréi a méi streng duerchgegraff.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.