"Et ass elo de Moment, fir ze kafen oder e Projet ze realiséieren"
E Mëttwoch de Moie war de Bau Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et ass elo de Moment, fir ze kafen oder e Projet ze realiséieren, dat sot de Mëttwoch de Moien den Entrepreneur a President vun de Lëtzebuerger Bauentreprisen, de Roland Kuhn. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
D’Situatioun um Bau wier eigentlech katastrophal. De ganze Logement wär ewechgefall. Just nach en Aachtel vun de VEFA (Immobilien, déi geplangt oder am Bau sinn) gi realiséiert. Et gouf zejoert 87 % manner Notairesakten a just nach ronn d’Hallschent u Bauschutt.
D’Präisser wiere katastrophal déif. Et wär elo de Moment fir z’investéieren, well méi bëlleg géif et net ginn. Et géifen awer Soumissioune feelen. De Staat an d’Gemenge géifen net genuch ausschreiwen, obwuel de Budget do wier. An och fir déi privat Leit wär elo de Moment, fir e Projet ze realiséieren.
De Bausecteur hofft, datt et an der zweeter Hallschent vum Joer besser leeft. Et wär ee frou iwwer d’Mesurë vun der Regierung, mä nach géife se net richteg gräifen. Déi krisebedéngte Kuerzaarbecht gëllt net méi. De Chômage partiel wär och net vill gefrot ginn, d’Betriber wéilte schaffen. 20.000 Leit schaffen am Bausecteur, 60.000 am Handwierk. Déi Leit misst een an der Beschäftegung halen an dat géif nëmme goen, wann een Opträg hätt.
Kollektivcongé wier immens wichteg
"Fir mech ass dat guer keng Fro, de Congé collectif ass iwwert de Kollektivvertrag gereegelt an e funktionéiert immens gutt. Dofir gëtt et kee Grond, fir dodru fréckelen ze goen", sot de Roland Kuhn als Reaktioun op eng Ausso vum Aarbechtsminister Georges Mischo virun zwou Woche bei eis op der Antenn. De Minister hat sech gefrot, ob de Kollektivcongé nach zäitgeméiss wier. Virun allem fir déi kleng Entreprisë wier hir Aarbecht guer net ze maachen, wann een net zweemol d’Joer zesumme géif an de Congé goen.
Produktiv wier awer, wann am Summer méi geschafft géif ginn, am Wanter manner. Zum Beispill 9 Stonnen am Summer an am Wanter 7 Stonnen. Dat wär och am Sënn vun der Gesondheet vun den Aarbechter.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.