E Freideg de Moie war de Vëlo Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Vëlo u sech ass net d'Léisung, mä en Deel vun der Léisung, fir als Gesellschaft eng aner Mobilitéit ze denken, dat sot e Freideg de Moien den hollännesche Mobilitéitsfuerscher Marco te Brömmelstroet bei eis op der Antenn. De sougenannte "Vëlosprofesser" vun der Universitéit Amsterdam trëtt net nëmme fir eng aner Verkéierspolitik an. Vill méi misst een zesummen e richtege Gesellschaftswiessel ugoen, an deem d'Strooss net nëmmen op de Verkéier reduzéiert gëtt, mä nees do ass fir jiddereen. Eng sécher Plaz och fir Kanner notamment. Fir dat z'erreechen, bräicht ee couragéiert Politiker fir Decisiounen, déi an de leschte Joerzéngte geholl goufen an déi vill Suen an Energie gefloss sinn, nees ze änneren. 
 
Wéi d'Mobilitéit an Zukunft ausgesäit, dat kéint een haut nach net eendeiteg soen. Et wier zum Beispill guer net sécher, datt den Individualverkéier ëmmer weider zouhëlt. Wat geschitt, wa Materialie feelen, déi an der Autoskonstruktioun gebraucht ginn, huet de Mobilitéitsfuerscher d'Fro opgeworf. Dat kéint ganz séier goen. Och datt vill Leit sech Autofuere guer net méi leeschte kënnen. Fir de Marco de Brömmelstroet steet all Zäit fest, d'Strooss gehéiert net nëmmen den Autoen. Duerch d'Landesplanung vun de leschte Joerzéngte wier keng Plaz méi an de Stied, fir dat z'erreechen. Duerfir misst den Auto Plaz ewechgeholl kréien. 

D'Leit sinn Autosüchteg

Hautdesdaags wiere vill Leit op den Auto ugewisen. Dat wier net ëmmer sou wichteg, mä duerch Decisiounen an der Vergaangenheet entstanen. D'Leit wieren haut carrement "Autosüchteg", seet de Professer vun Amsterdam. Fréier hätten d'Leit sech all Dag 7 Kilometer wäit beweegt, fir alles z'erleedegen. Haut wieren et 40 Kilometer. Déi ganz Gesellschaft wier "Mobilitéitssüchteg" ginn. Dat wier sécher net einfach ze änneren. Mä et géif sech sécher näischt änneren, wann ee just weider iwwer de Stau schwätzt, amplaz iwwer méiglech Changementer ze diskutéieren. Wann de Wëlle bestoe géif, fir eng Stad vun de kuerze Weeër ze kréien, da géif een dat awer nees hikréien. Net haut oder muer. Awer vläicht fir déi nächst Generatioun.

Wéi eng Gesellschaft wëlle mer?

D'Leit misste sech froen, wat wichteg ass. Ass et wierklech sou wichteg, fir séier vun A op B ze kommen? Oder ass et méi essentiel, datt eis Kanner sécher an d'Schoul kommen, sou eisen Invité. D'Äntwerte missten d'Politiker ginn. An d'Léisung wieren net d'Technologie mä d'Politik.

Paräis als Beispill fir méi en harmonescht Verkéierskonzept

Vun Holland mat senge ville Vëlosweeër kéint Lëtzebuerg sécher léieren, wéi een dem Vëlo nieft engem groussen Undeel vun Individualverkéier méi Plaz gëtt. Haut géifen an Holland 27% vun alle Faarte mam Vëlo gemaach. Als Musterbeispill, wéi ee Mobilitéit am urbane Raum awer nei denken a gestalte kann, huet de Marco te Brömmelstroet Paräis genannt. Hei wieren definitiv Efforten amgaang, fir eng "alternativ Stad" ze schafen, wou de Verkéier net méi dat wichtegst ass. Amplaz "Kannerfräi" Stroossen géif déi franséisch Haaptstad elo op de Wee goen, fir 300 Stroossen ëm Schoulen autofräi ze gestalten. D'Stad Lëtzebuerg kéint, wa se wéilt, déi éischt Haaptstad op der Welt ginn, wou Kanner autonom an aller Sécherheet an d'Schoul goe kënnen. Duerfir bräicht een eng gesellschaftlech Diskussioun a Politiker mat Courage.

Invité vun der Redaktioun: Vëlosprofesser Marco te Brömmelstroet

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.