Een obligatoresche Militärdéngscht géing Lëtzebuerg méi resilient maachen
E Méindeg de Moie war den Ukrain-Krich a säin Impakt op Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mir missten net fäerten, datt hei elo direkt e Krich ausbrécht, mee mir hätten e Krich an der Peripherie vun Europa an d'Situatioun wier insgesamt ganz ugespaant. Dat sot de Generol Steve Thull. De Chef d'état-major vun der Lëtzebuerger Arméi war e Méindeg eisen Invité vun der Redaktioun.
Dass elo westlech Laangstreckerakéite géint Russland an den Asaz kommen, hätt domadder ze dinn, datt een an enger Course géint d'Zäit wier. Den Donald Trump géing nämlech den 21. Januar neien US-President ginn an et wier net sécher, wéi et ënnert him mat der Ukrain-Hëllef weidergeet. Dowéinst misst een d'Ukrain elo nach, sou gutt ewéi nëmme méiglech, stäerken. Kiew géing den Ament reegelméisseg un Terrain verléieren an déi Verloschter dierften net méi grouss ginn. Fir eis wier et elo wichteg, dass de Message, dass een einfach kann duerch Attacken Demokratien an hir Schranke weisen, keng Schoul mécht, sou de Generol.
Déi westlech Laangstreckerakéiten, déi elo vun der Ukrain agesat ginn (ATACMS-Rakéiten, Army Tactical Missile System-Rakéiten), géingen och a kenger Relatioun stoen, zu de Laangstreckerakéiten, déi Russland asetzt. D'ATACMS-Rakéite wiere capabel op 300 Kilometer Ziler z'erreechen a bei de russesche Rakéite wier een an engem Beräich vun e puer dausend Kilometer asetzbar.
Op all Eventualitéit preparéiert sinn
Et misst een op all Eventualitéit preparéiert sinn. Verdeedegung wier zwar d'Saach vun der Arméi, mee et wier awer och wichteg, dass d'Populatioun resilient wier. Dofir wier d'Decisioun vu Schweden a Finnland, fir Bichelcher un hir Bevëlkerung ze verdeelen, och "weisen", fënnt de Steve Thull. Doranner stinn zum Beispill Informatiounen doriwwer, wat ee soll maachen, wann ee kee Waasser oder Stroum huet. Dat wier net just geduecht, fir sech op de Krich virzebereeden, ma och fir sech op eng Kris ze preparéieren.
Op d'Fro, wéi resilient d'Lëtzebuerger da wieren, äntwert de Steve Thull, dass et interessant wier, dat bei enger Ëmfro erauszefannen. Ganz allgemeng géing ee constatéieren, dass wat ee méi an de Weste geet, wat d'Fro vun engem méigleche Krich eppes ass, wat wäit fort schéngt. Et wier allerdéngs wichteg, sech bewosst ze sinn, dass dat ni eng Saach vun der Onméiglechkeet wier.
Obligatoresche Militärdéngscht eng politesch Fro
Op Fro, ob een obligatoresche Militärdéngscht misst agefouert ginn, äntwert de Generol, dass dat eng politesch Fro wier, déi och vu Politiker misst decidéiert ginn. Allerdéngs wier et normal, sech op militäreschem Niveau doriwwer Gedanken ze maachen, wann ee gesäit, wat an anere Länner geschitt. E Militärdéngscht géing d'Land op alle Fall méi resilient maachen.
Firwat gepanzert Gefierer an net Dronen?
Firwat sollen an den nächsten 30 Joer 2,6 Milliarden Euro a gepanzert Gefierer investéiert ginn, wa grad am Ukrain-Krich KI, Dronen an automatiséiert Waffen den Ënnerscheed maachen? Dat wier eng gutt Fro, seet de Steve Thull, déi een awer an de richtege Kontext misst setzen. Mat Drone kéint ee kee Land anhuelen. Dofir bräicht een nach ëmmer Leit, déi um Terrain avancéieren an zwar mat Panzeren a gepanzerte Gefierer. Et bräicht een an Zukunft robust Waffesystemer um Buedem. An natierlech hannendru Verstäerkung aus der 3. Dimensioun, dat wieren aktuell d'Dronen. Ouni déi kéinten d'Buedemtruppen net fonctionéieren, sou nach de Generol Steve Thull.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.