En Donneschdeg de Moie war d'Benevolat Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Zu Lëtzebuerg hätt een e grousst Häerz. Iwwer 50% vun de Leit hei am Land si benevole engagéiert, sot d'Martine Mergen en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview. Si ass d'Presidentin vun der Lëtzebuerger "Agence du Bénévolat".

De 5. Dezember ass den internationalen Dag vum Benevolat. D'Leit kréie Merci gesot fir hiren Engagement an et soll Reklamm gemaach ginn, fir sech z’engagéieren. E Veräinsliewe wier ouni Benevolat guer net méiglech, huet d’Martine Mergen ënnerstrach.
 
Déi meescht Leit zu Lëtzebuerg engagéiere sech, si denken dacks och net drun, datt dat zum Benevolat zielt. D'Kultur vum Benevolat géif hei am Land awer nach e bësse feelen. An anere Länner wier dat anescht, Dänemark wier do e gutt Beispill. De Sujet misst och nach méi an de Schoulen thematiséiert ginn. 
 
An de leschten zwee Joer wier awer vill geschitt. Och d'Agence vum Benevolat hätt sech nei opgestallt. Nei Campagnen an och d'Internet-Plattform benevolat.lu goufe lancéiert. Do kënnen Associatiounen an Organisatioune Plazen oder Missioune mellen an Interesséierter eng Offer maachen. Tëscht 70 an 100 Missioune sti permanent um Site. Zejoert waren et am Ganzen iwwer 300 fräi Plazen. Iwwer 2.000 Offere vu Leit gouf et zejoert, dëst Joer sinn et der schonn iwwer 3.000. 
 
Als Benevole kritt ee keng Suen, mä et gëtt engem ganz vill, confirméiert d'Presidentin vun der Benevolat-Agence an dat soen och déi, déi sech engagéieren. Nei Frënn fannen, en Deel vun enger Gemeinschaft sinn, aneren hëllefen an eppes zréckginn, ass dat, wat de Benevolat auszeechent.

Invité vun der Redaktioun: Martine Mergen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.