Pensiounsreform: Keng abrupt Aschnëtter a large Iwwergangszäit
En Donneschdeg de Moie waren d'Pensiounen an d'Gesondheetspolitik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mir si gudder Déng an op engem séchere Wee ënnerwee, wat d’Pensiounsreform ugeet, sot en Donneschdeg de Moien d’Martine Deprez. D’Ministesch fir Gesondheet a Sécurité sociale war eis Invitée vun der Redaktioun.
No der Consultatiounsphas mat de Leit an den Experteronne muss d'Regierung hir Decisiounen a Saache Pensiounsreform huelen. Op Basis vun deem, wat do un Input zesummekoum, sou d’Ministesch. Déi leschten Experteronn mat Gewerkschaften, Patronat, Parteien a Vertrieder vun de Jonken ass de 24. Abrëll. Dono soll ee gewuer ginn, wou d’Rees higeet.
Sécher wier jo, datt d'Pensionären näischt wäerte verléieren. Wann Ännerunge kommen, dann net vun haut op muer oder "abrupt Aschnëtter". D'Changementer wäerten awer konsequent sinn, fir datt de Pensiounssystem duerno op stabillen, finanzielle Féiss steet. D'Reforme solle sech och iwwer eng laang Iwwergangsphase zéien, sou d'Martine Deprez.
Gesondheet: Méi Preventioun a méi Digitalisatioun
Am Beräich Santé wëll d’Regierung verstäerkt op Preventioun setzen an d’Digitalisatioun am Gesondheetssecteur no vir bréngen. Dat wären déi zwou Prioritéiten. Am Gesondheetssecteur wäre vill motivéiert Leit ënnerwee, déi erwaarden, datt de System besser vernetzt gëtt an d’Ressourcë besser openeen ofgestëmmt ginn.
Beweegung op Rezept
Enn des Joers soll déi sougenannt "Prescription d’activité physique" als Pilotprojet getest ginn, wou een also Beweegung op Rezept verschriwwe gëtt. Den Dokter soll dann zesumme mam Patient kucken, ob ee sech genuch beweegt a wéi een dat kann änneren. Eng Consultation prevention soll och kommen. Do wäert den Dokter kucken, ob een alles mécht, fir gesond ze bleiwen.
Nikotinsäckelcher gi reglementéiert
Zu der Preventioun gehéiert och d’Reglementéiere vun den Nikotinsäckelcher. Déi si ganz staark bei de Jonke beléift. D’Vente soll eréischt vun 18 Joer un erlaabt sinn, Reklamm soll verbuede ginn, de Präis eropgoen, well Accise fälleg sinn an déi maximal Dosis vun Nikotin soll erofgoen. E Gesetzprojet, wou och déi elektronesch Zigaretten, méi reglementéiert ginn, ass ënnerwee a soll an den nächste Wochen an der Chamberkommissioun analyséiert ginn. An dono gestëmmt ginn.
Fëmme vun 18 un, Alkohol scho mat 16 – “guer net logesch”
Den Alkoholkonsum spillt an der Preventioun och eng wichteg Roll. Fëmmen däerf een eréischt mat 18 Joer, Alkohol drénken – och dee Staarken – scho mat 16. Dat wär "guer net logesch", gëtt d’Martine Deprez zou. Am Koalitiounsaccord hätt een awer net festgehalen, eppes beim Alkohol z’änneren. Si géif sech awer kenger Diskussioun verschléissen. D’Ministesch hält och net vill vu Verbueter, mä well éischter op Educatiounsmesurë setzen, opklären a Wësse vermëttelen. Lëtzebuerg ass a Punkto Alkohol awer kee gutt Virbild. Mir si Virreider am Alkoholkonsum an dat "misst ee sécher am A behalen", sou d’Martine Deprez.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.