Nei Ëmfro op der Plattform schwätzmat.lu
De Consultatiounsprozess iwwer de Pensiounssystem geet an déi nächst Phas.
Vun e Mëttwoch un an nach bis den 9. Mäerz hunn d’Bierger d’Méiglechkeet bei enger Online-Ëmfro um Site schwätzmat.lu matzemaachen. Déi zweet Phas soll méi participativ ginn, esou d’Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet Martine Deprez virun der Press.
De Site schwätzmat.lu gouf am Oktober zejoert lancéiert. Dat fir d’Bierger an der Debatt ëm de Pensiounssystem matschwätzen ze loossen. Ronn 2.000 Leit hunn dat och gemaach. Doraus hu sech dräi grouss Theme-Clusteren erginn, sou déi zoustänneg Ministerin Martine Deprez:
"Den éischte grousse Cluster war dee ronderëm d’Méiglechkeete fir säin Antrëtt an d’Pensioun ze gestalten. Deen zweete grousse Cluster war dee vun der Gerechtegkeet vum System, d’Solidaritéit vum System, a virun allem - an dofir ass d’Diskussioun eigentlech lancéiert ginn - muss d’finanziell Ofsécherung vum System garantéiert sinn."
Elo kënnen d’Bierger sech un Online-Ëmfroen zu den ënnerschiddlechen Thematiken bedeelegen. Anescht wéi bis ewell kënnen si och d'Bäiträg vun aner Participante liesen oder kommentéieren:
"Dat heescht, datt mer aus där éischter Phas eraus Statemente gemaach hu wéi 'Mir mussen all méi laang schaffe goen', zum Beispill. Dat steet elo net dran, mee dat wier e Beispill, an da kann een drënner schreiwen, dass een d'accord, éischter d'accord, dass een net d'accord oder éischter net d'accord ass. An da kann een nach ee Kommentar drënner setzen, firwat datt een dann déi Äntwert ginn huet, déi ee ginn huet, an da gëtt dat automatesch opgelueden. An aner Leit, déi dann och participéieren, déi gesinn dat dann, déi kënnen äntweren op dee Bäitrag, kënnen och selwer nach ee Bäitrag maachen, esou datt mer wierklech eng Dialog-Phas hunn, eng Participativ-Phas, wou jiddweree mat jiddwerengem iergendwéi ka kommunizéieren."
No véier Woche ginn déi Resultater ausgewäert a sollen den 21. Mäerz an eng éischt Experteronn mat afléissen. Am Ganze sinn dräi esou Experteronne geplangt. Wéi de Consultatiounsprozess am Oktober lass goung, war nach net kloer, wie bei deenen Experteronnen dobäi sollt sinn:
"Haut si mer e bësse méi wäit. Dat heescht, déi dräi Experteronnen hu mer ee fixe Grupp, dee bei all Experteronn dobäi ass. Dat wäerte politesch Responsabeler sinn. Do sinn d’Parteien ugeschriwwe ginn, eis zwee Leit ze nennen. Dann d’Syndikater, Patronen, am Sënn vum Dialogue social. A virun allem déi Jonk, déi sech ganz aktiv och an der éischter Phas mat erabruecht hunn."






Jee no Sujet sollen och nach aner Participante mat agebonne ginn. Wéi zum Beispill de Conseil national des Femmes du Luxembourg oder d’Entente des Offices sociaux beim Thema Gerechtegkeet vum Pensiounssystem. Fir den 19. Mäerz wier och een Debat an der Chamber ugefrot, esou d’Sozialministesch vun der CSV.