E Mëttwoch de Moie waren Ofdreiwungsrecht an de Mord um Charlie Kirk Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’ADR stellt d’Gesetz iwwert d’Ofdreiwung net a Fro, mee se ass dogéint, datt d’Ofdreiwung als Recht oder Fräiheet an d’Verfassung stoe kënnt. Dat huet d’ADR-Deputéiert a Parteipresidentin Alexandra Schoos e Mëttwoch de Moien hei op RTL deklaréiert. Fir d’identitär-konservativ Partei géing eng Verfassung d’Grondprinzippie reegelen. Bei der Ofdreiwung géing et ëm "ganz individuell Fäll bei enger ganz limitéierter Unzuel vu Leit" goen, esou d’Alexandra Schoos.

D’Initiativ vun déi Lénk, fir d’Ofdreiwung an der Verfassung ofzesécheren, wier der ADR no "Aewëscherei", jo esouguer "Populismus", esou d’Alexandra Schoos. Si huet un d’Covid-Zäit erënnert, wärend déi d’konstitutionellt Recht op Fräiheet duerch Reegelen ageschränkt gouf. Et géing net ëm den Avortement goen, mee wat an d’Verfassung kënnt a wéi ee Wäert dat hätt, esou d’Alexandra Schoos. Et géing ëmmer de Risiko bestoen, datt e Gesetz gekippt gëtt, mee eng Verfassung och.

Virun enger Dose Joren huet d’ADR géint d’Legaliséierung an Depenaliséierung vum Avortement gestëmmt. Haut huet d’Parteipresidentin an Deputéiert d’Gesetz als "excellent" bezeechent. Bësse méi wäit huet d’Alexandra Schoos awer och hir Suerg widderholl, datt d’Ofdreiwung riskéiere géing, banaliséiert ze ginn, och wa se am selwechten Otemzuch betount huet, et wier keen einfachen Akt. Fra a Mann misste sech bewosst sinn, datt e sexuellen Akt Konsequenze kann hunn. Den Avortement misst "en cas d’exception" méiglech sinn an dat géing d’ADR net a Fro stellen. Si sot nach si géing gespaant op Donnéeë waarden iwwert d’Ursaache firwat Fraen ofdreiwen.

Kirk, Trump a Putin

E weidere Sujet um Mëttwoch de Moie war den US ultra-chrëschtlech-konservativen Debatteur Charlie Kirk, dee virun zwou Wochen ëmbruecht gouf. D’ADR-Politikerin huet sech op d’Säit vu senger Fra gestallt, déi dem Täter verzeit huet. Zum US-President Donald Trump, deen am Géigendeel awer elo nach méi wëll géint seng politesch Géigner goen, sot si: "vläicht kann d’Fra dat besser, vläicht huet si eng aner chrëschtlech Verbindung". Den Trump, dee géing als Politiker schwätzen "hien haasst déi jo, dat si seng Emotiounen".

Och wann den Trump kritesch Komiker wëll zenséieren, fënnt d’Alexandra Schoos net, datt hie wéilt Meenungsfräiheet ënnerdrécken. Am Géigendeel: an hiren Ae wéilt den US-President eng pluralistesch Meenung.

An och wann de russesche President Putin trotz Beméiunge vum Trump kee Schrëtt a Richtung Fridden an der Ukrain mécht an am Géigendeel d’NATO provozéiert, fënnt d’ADR-Presidentin net, datt hiren Europadeputéierte Fernand Kartheiser sech iert, wann hien och ëmmer nees fir Gespréicher mam Putin plädéiert. Et wier och nach ëmmer d’Positioun vun der ADR, datt d’Sanktiounen der EU méi géinge schueden ewéi Russland. A se kritiséiert weider d'Hypokrisie vun der EU, well gläichzäiteg nach ëmmer russesche Gas importéiert gëtt.

Invité vun der Redaktioun: Alexandra Schoos

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.