E Sonndeg am Presseclub waren de Marc Schlammes, den Dhiraj Sabharwal an de Christoph Bumb eis Invitéen.

De Covid-Check an d'Impfcampagne maachen et méiglech: d'Lëtzebuerger kréien e Stéck fundamental Rechter a Fräiheeten zréck! Ze fréi? Ze spéit?!

Ze souple oder awer equilibréiert Handele vun der Regierung déi enfin eng Corona-Exit-Strategie proposéiert?

Mir stellen eis des Froen e Sonndeg am RTL Presseclub an hannerfroen ënnert anerem Sënn an Zweck vum milliouneschwéiere Large Scale Test Programm!

De Presseclub vum 6. Juni

Am Presseclub diskutéiere mat:

De Marc Schlammes aus dem Wort, de Christoph Bumb vum Online-Magasin Reporter an den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt.

Rendez-Vous fir de Presseclub  kurz no 11 Live e Sonndeg op eiser Antenne an an Toun a Bild op rtl.lu

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.