
Kënschtlech Intelligenz verännert d’Aart a Weis, wéi Entreprisë schaffen. Mat der ëmmer méi séierer Verbreedung vun der KI klëmmt och de Besoin u Rechekapazitéit, Späicherplaz an zouverlässeger Connectivitéit. Hannert all KI-Applikatioun steet also eng physesch Infrastruktur, Datenzentren wou virun allem wou Servere stinn, déi grouss Quantitéiten un Daten veraarbechte kënnen.
Dat féiert zu der Fro fir Europa op: Brauche mir eng souverän KI-Infrastruktur, oder kënne mir eis einfach op déi international Offer verloossen?
D’Äntwert läit net onbedéngt beim Choix tëscht europäeschen an net-europäesche Léisungen. Et geet éischter drëm, sécherzestellen, datt Europa iwwer déi néideg Kontroll a strategesch Autonomie verfüügt, fir seng eegen Entscheedungen ze treffen.
KI-Souveränitéit bedeit net, sech technologesch ofzeschotten. Et geet drëms ze kucken, wou Datë veraarbecht ginn, wien d’Infrastruktur kontrolléiert an ënner wéi engem rechtleche Kader si funktionéiert. Fir Betriber, mee och ëffentlech Acteuren déi sensibel Informatioune traitéieren, hunn dës Froen eng strategesch Bedeitung.
Souveränitéit kann awer net ouni Infrastruktur existéieren. KI erfuerdert eng héich Rechekapazitéit, sécher Datenzentren, eng zouverlässeg Energieversuergung an eng staark Connectivitéit. Dat sinn d’Fundamenter vun der digitaler Autonomie.
D’Aktivitéit vun LuxConnect geet iwwer Datenzentren a Glasfaser eraus. Duerch d‘Duechtergesellschafte LuxProvide a Clarence ass LuxConnect och an zwee wesentleche Beräicher vun der souveräner KI aktiv: High-Performance Computing (HPC) a souverän Cloud-Infrastrukturen.
LuxProvide bedreift de MeluXina, de nationale Supercomputer, dee bei LuxConnect zu Biissen hebergéiert ass. Dee Computer stellt Entreprisen, Fuerscher a staatlechen Institutioune modernst Rechekapazitéiten zur Verfügung. Mam geplangten nächsten Supercomputer, dem vu MeluXina-AI stäerke mer Fäegkeet, ëmmer méi usprochsvoll KI-Applikatiounen ze ënnerstëtzen an zu engem staarke europäesche KI-Ökosystem bäizedroen.
Clarence, e Partenariat tëscht LuxConnect a Proximus, deckt en anere strategesche Besoin of: souverän Cloud-Servicer. Seng „Air-Gapped“-Cloud-Infrastruktur, bitt en héich kontrolléiert Ëmfeld fir sensibel Daten a kritesch Applikatiounen.
„Den Ausbau vu souveräne KI-Kapazitéite beschränkt sech net op d’Recheleeschtung.. Si baséiert op engem kompletten Ökosystem, an deem Datenzentren Connectivitéit, High Performance Computing a Cloud-Servicer zesummespillen. Genee do leescht LuxConnect e wichtege Bäitrag“, erkläert de Paul Konsbruck, CEO vu LuxConnect.
Europa muss net all Technologie onofhängeg entwéckelen. Et brauch awer genuch Rechekapazitéit, eng zouverlässeg Infrastruktur an dat néidegt Fachwëssen, fir eng ze grouss Ofhängegkeet vun enger limitéierter Zuel vun externe Fournisseuren ze vermeiden. Initiativen ewéi d’„AI Factories“ reflektéieren dës Ambitioun, andeems se d’Zesummenaarbecht an d’Investitiounen an europäesch KI-Kapazitéite ënnerstëtzen.
Am Verhältnis zu senger Surface huet d’Land eng besonnesch héich Zuel un Datenzentren op Tier-IV-Niveau. Dat weist, wéi wichteg redundant Infrastrukture sinn, fir kritesch Secteuren ze ënnerstëtzen. D’Verbindunge mat den europäeschen Haaptzentren, d’Fuerschungs Kapazitéiten an d’Konzentratioun vun Technologie-Acteure schafen e favorabelt Ëmfeld fir d’Zesummenaarbecht.
De Bäitrag vu Lëtzebuerg zur europäescher digitaler Souveränitéit geet och iwwer terrestresch Infrastrukturen eraus. LuxConnect gouf ausgewielt, fir ee vun de Kontrollzentere vun IRIS² ze hebergéieren, dem Satellitte Kommunikatiouns Programm vun der Europäescher Unioun. Dës héich geséchert Installatioun um Site vu Beetebuerg wäert d’Ambitioun vun Europa ënnerstëtzen, eng resilient a souverän Kommunikatiounsinfrastruktur opzebauen. Domat gëtt d’Roll vu Lëtzebuerg an der digitaler a strategescher Autonomie vun Europa weider gestäerkt.
Brauche mir also wierklech eng souverän KI-Infrastruktur? D’Äntwert ass jo.
Net fir eis vum weltwäiten Technologiemaart ofzeschotten, mee fir sécherzestellen, datt Europa d’Fräiheet huet, selwer ze entscheeden, wéi a wou seng kritesch Donnéeën veraarbecht ginn, wéi seng KI-Kapazitéiten entwéckelt ginn a wien d’Infrastruktur kontrolléiert, op där se baséieren.
Digital Souveränitéit bedeit net, all Technologie selwer ze besëtzen. Et geet drëm, iwwer d’Infrastruktur, d’Expertise an déi strategesch Fräiheet ze verfügen, déi néideg sinn, fir d’Kontroll iwwer eis digital Zukunft ze behalen.
„Bei LuxConnect si mir iwwerzeegt, dat et mat zolitte Fundamenter ufänkt: séchere Datenzentren, zouverlässeger Connectivitéit, souveräner Rechekapazitéit a vertrauenswürdege Cloud-Léisungen. Elo, wou LuxConnect grad säin 20. Anniversaire gefeiert huet, huele mir eis Zäit, fir op de Wee zeréckzekucken, dee mir bis elo zeréckgeluecht hunn, an eis gläichzäiteg op d’Zukunft ze konzentréieren. Wat mir eis fir Lëtzebuerg an Europa wënschen, ass eng innovativ, sécher a souverän Perspektiv. An déi Richtung wäerte mir eis Efforten an den nächsten 20 Joer ausriichten“, schléisst de Paul Konsbruck of.