
Mat enger Belaaschtung gutt eens ze ginn ouni e grousse psychesche Schueden dovunner ze droen, bei dësem Phänomen schwätze mir vun «Resilienz». Dat Wuert kënnt iwwregens aus dem laténgesche Verb «resilire» a kann iwwersat gi mat «zrécksprangen oder ofprallen».
Resilienz bedeit net, ëmmer staark ze sinn oder keng schwiereg Phasen ze duerchliewen. Och resilient Mënsche kennen Trauer, Iwwerfuerderung, Verzweiflung a Frustratioun. Entscheedend ass net, ob esou Gefiller optrieden – dat ass mënschlech an onvermeidbar –, mee wéi mir mat hinne kënnen ëmgoen.
Resilienz ass deemno keng Eegenschaft, déi een entweder huet oder net huet. Si kann sech am Laf vum Liewe weider entwéckelen a veränneren. Dobäi spillen net nëmmen eis perséinlech Ressourcen an Erfarunge mat, mee och d’Ëmstänn, an deene mir liewen.
Fakt ass: Déi allermeescht vun eis hunn an hirem Liewe schonn eng oder méi kritesch Erfarunge gemaach. An trotzdeem geléngt et eis meeschtens, konstruktiv domadder ëmzegoen, weiderzeliewen an no an no erëm nei Perspektiven ze fannen.
E gutt Beispill liwwert eis déi bekannt „Kauai-Studie“ vun der Entwécklungspsychologin Emmy Werner. Hei goufe bal 700 Kanner iwwer 40 Joer laang begleet, déi op der hawaiianescher Insel Kauai ënner ganz schwéiere Konditioune, wéi z.B. Aarmut, schwiereg Familljeverhältnisser oder krank Elteren, grouss gi waren. D'Resultat vun dëser Studie: Circa een Drëttel vun dëse Kanner huet sech zu erfollegräichen a psychesch stabille Persounen entwéckelt.

Resilienz kann net onofhängeg vun der jeeweileger Liewensphas betruecht ginn, well d’Belaaschtungen an d’Erausfuerderungen, mat deene Mënsche konfrontéiert sinn, sech am Laf vum Liewe veränneren. Kanner a Jugendlecher si beispillsweis dacks mat Schoul- oder Unistress, Leeschtungsdrock, Konflikter mat den Elteren oder der Angscht virun der Zukunft konfrontéiert. Och kritesch Liewenserfarunge wéi de Verloscht vun engem wichtege Familljemember kënnen an dëser Liewensphas eng bedeitend Belaaschtung duerstellen. Bei Erwuessene kënnen sech d’Stressfaktoren anescht gestalten. Berufflechen Drock, Aarbechtsverloscht, finanziell Suergen, Krankheet, d’Betreiung vu Familljememberen, Burn-out oder Konflikter an Trennungen am Familljeliewe kënnen erausfuerderen. Et ass och ganz individuell, wéi Belaaschtunge wouergeholl a verschafft ginn.
Dës Ënnerscheeder weisen, datt Resilienz net als eng eenheetlech Fäegkeet verstane soll ginn, déi an all Liewensphas op déi gläich Manéier zum Asaz kënnt. Villméi hänkt et dovun of, mat wéi enge Belaaschtungen Mënsche konfrontéiert sinn a wéi eng individuell a sozial Ressourcen hinnen zur Verfügung stinn. Wärend bei Kanner a Jugendlecher beispillsweis d’Ënnerstëtzung duerch d’Famill, d’Schoul an dem sozialen Ëmfeld eng wichteg Roll spille kënnen, kënne bei Erwuessenen zousätzlech berufflech, finanziell a familiär Ressourcë relevant ginn.

Wann mir elo beim Beispill vun der Kauai-Studie bleiwen, hei konnte verschidden „Schutzfaktoren“ erauskristalliséiert ginn. Dat eent war: eng positiv Astellung zum Liewen an d’Gefill, hiert Liewen awer beaflossen respektiv Erausfuerderunge packen ze kënnen. Donieft haten si Hobbyen oder Interessen wéi z.B. am Sport oder an der Musek entwéckelt, déi hinne Bestätegung a Selbstvertraue ginn hunn. Dat drëtt war, datt si op d’mannst eng verlässlech Persoun, e sougenannte „trusted adult“, an hirem Ëmfeld haten oder och e positiivt Virbild. Hei hunn si d'Gefill vermëttelt kritt: „Mir gëtt nogelauschtert, an ech si wäertvoll“. Och agebonnen ze sinn an enger Gemeinschaft, kloer Aufgaben a Struktur ze hunn, huet hinnen immens weidergehollef, sou resilient ze ginn.
Eng wichteg Viraussetzung, gutt duerch belaaschtend Zäiten ze kommen, ass et, op sech selwer ze lauschteren a reegelméisseg ze kucken, wat engem gutt deet. Et geet dorëms, déi eege Kierpersignaler eescht ze huelen an do, wou et méiglech ass, selwer eppes ze veränneren. Dobäi spillen och d’Erwaardungen, déi mir un eis selwer stellen, eng wichteg Roll. Net alles muss perfekt sinn, a mir mussen och net zu all Moment alles leeschten. Heiansdo ass et grad esou wäertvoll, sech selwer mat méi Gedold a Selbstmatgefill ze begéinen.
En éischte Schrëtt kann doranner bestoen, d’Situatioun esou unzehuelen, wéi se grad ass: „Ech fille mech midd a gestresst. Fir mech ass et am Moment einfach eng schwéier Zäit.“ Et geet éischter dorëms, déi eege Gefiller an d’aktuell Belaaschtung unzeerkennen, amplaz sech zousätzlech ënner Drock ze setzen. Et muss net ëmmer alles perfekt lafen, och Feeler gehéieren zum Liewen. Si kënne frustréieren, mee si kënnen och eng Geleeënheet bidden, Erfarungen ze sammelen a sech weiderzeentwéckelen.
Folgend Froe kënnen dobäi hëllefen, sech selwer ze reflektéieren:
Et geet also och dorëms, ze erliewen, datt een trotz schwierege Situatiounen nach ëmmer säin eegent Liewe matgestalte kann. Doduerch entsteet d’Erfarung, déi weist: „Ech kann eppes bewierken an ech hunn e gewëssenen Afloss op mäin eegent Liewen“. An der Psychologie gëtt dëst als Selbstwierksamkeet bezeechent. Selbstwierksamkeit hëlleft eis, do aktiv ze ginn, wou mir selwer eppes kënne maachen, wéi zum Beispill eis Hëllef siche goen an iwwerhaapt Sënnhaftegkeet am eegene Liewen ze gesinn. Genausou wichteg ass et sech bewosst ze maachen, dat mir net ëmmer op alles en Afloss hunn an do dierfe mir och no zousätzlecher Hëllef an Ënnerstëtzung froen.
Och wann d’Liewen sech heiansdo esou ufillt, wéi wann et keen Auswee géif ginn, ginn et dacks nach Handlungsméiglechkeeten. Heiansdo hëlleft do och eng neutral Perspektiv vu baussen a Form vu punktueller Ënnerstëtzung.
Dës Ënnerstëtzung ka ganz ënnerschiddlech ausgesinn: e Gespréich mat enger gudder Frëndin oder engem gudde Frënd, en anonymmen Telefonsservice, eng professionell Berodungsstell oder eng Therapie. Et gëtt dobäi net déi eng Form vun Hëllef, déi fir jidderee passt. Entscheedend ass éischter, erauszefannen, wat engem selwer an enger schwiereger Phase gutt deet an hëlleft, sech nees méi entlaascht ze fillen.
Et ass wichteg, sengem Kand zouzetrauen, datt et och mat schwierege Situatioune kann ëmgoen. Wa mir dem Kand all Schwieregkeet ofhuelen oder ze vill fir et iwwerhuelen, kënne mir onbewosst de Message vermëttelen: „Du packs dat net eleng. Du brauchs mech, fir domat eens ze ginn.“
Et geet dobäi net dorëm, d’Kand mat senge Problemer eleng ze loossen. Et geet ëm eng Haltung vun: „Ech trauen dir zou, datt s du dat packe kanns.“ D’Kand soll spieren: „Ech si fäeg, mat Erausfuerderungen ëmzegoen – an ech weess, datt ech Ënnerstëtzung kréien, wann ech se brauch.“
D’Zil vum KJT ass et, datt Kanner a Jonker mat hire Suergen, Ängschten, Problemer a Froen net eleng bleiwe mussen. Si kënnen sech anonym a vertraulech un eis wenden – iwwer de Kanner-Jugendtelefon, den Elterentelefon, d’Online-Help oder d’Chatberodung. D’Offer riicht sech net nëmmen u Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener, mee och u (Grouss-)Elteren, Professioneller an aner Persounen aus hirem Ëmfeld.
Wien e Gespréich sicht, eng Fro huet oder einfach emol alles lassgi wëll, wat hien oder hat belaascht, ass beim KJT wëllkomm. Wärend dem Gespréich siche mir zesummen mat der Persoun, déi eis kontaktéiert, no indivuelle Léisungsweeër an ënnerstëtzen si dobäi, dës och ëmzesetzen. An de meechte Fäll verweise mir och un aner passend Institutiounen oder Hëllefsangeboter.
D’Berodung ass op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch méiglech. Eis Ëffnungszäiten an all weider Informatioune fannt Dir op kjt.lu