Bei der Rallye Kroatien koum de Lëtzebuerger Rallyefuerer op déi 7. Plaz. D'Victoire goung un de Sébastien Ogier.

No 20 Specialle ronderëm d'Stad Brdo a Kroatien war de Sébastien Ogier de Séiersten a konnt dobäi vu Feeler vu senge Konkurrenten Neuville an Evans profitéieren. E Samschdeg louch de Fransous nach op der 3. Plaz, 5 Sekonnen hannert dem Neuville.

Den aachtfache Weltmeeschter Ogier huet sech op de leschte 4 Specialle kee Feeler geleescht, dofir hunn de Leader Thierry Neuville an de Britt Elfyn Evans an der 18. Speciale Fuerfeeler produzéiert, déi si vill Zäit kascht hunn. Den Ogier hat um Enn knapp 10 Sekonnen Avance op den Elfyn Evans a souguer 45 Sekonne Virsprong op den Thierry Neuville. Et war dem Fransous seng 100. Podiumsplaz a senger Rallye-Karriär. Den Ott Tänak konnt seng véiert Positioun vum Virdag behalen.

Aus Lëtzebuerger Siicht war de Grégoire Munster nees um Start. No gudde Placéierungen um Freideg an um Samschdeg (jeeweils 8.) konnt de Lëtzebuerger nach een dropsetzen an huet sech schlussendlech op der 7. Plaz klasséiert. Hien hat 5 Minutten an 11 Sekonne Réckstand op de Gewënner Sébastien Ogier.  Fir de 25 Joer ale Lëtzebuerger war et dat bescht Resultat an dëser Saison. Hie konnt domat och säi bescht Resultat a senger Profi-Karriär aus der leschter Saison (Plaz 7 bei der Rallye Chile) widderhuelen.

Déi nächst Manche vun der Rallye-Weltmeeschterschaft ass vum 9. bis den 12. Mee a Portugal.