Erfollegräiche Saisonsoptakt fir den Dylan Pereira

© atp
Mat enger Victoire, zwou Pole-Positions an eemol der séierster Rennronn war et fir de Lëtzebuerger e staarken Optakt.
Am Kader vum Formel-1-Grand-Prix a China war dëse Weekend den Optakt vum Porsche Carrera Cup Asien zu Shanghai. An der éischter Course e Samschdeg war den Dylan Pereira vun der Pole Position an d'Course gaangen an hat ënnër Safety Car de schwaarz-wäiss-karéierte Fändel als Éischte gesinn.
Fir déi zweet Course e Sonndeg stoung de Lëtzebuerger nees ganz vir, gouf awer an der drëtter Kéier vu sengem Kontrahent Ghiretti iwwerholl. E puer Momenter méi spéit war et de Chinees Kang Ling, dee mat enger oniwwerluechter Aktioun den Auto vum Pereira gedréint huet, wouduerch de Lëtzebuerger Fuerer ganz un d'Enn vum Feld gespullt gouf. De 26 Joer ale Lëtzebuerger huet awer net opginn an ass bis zum Enn vun der Course nach op déi 9. Plaz no vir gefuer.
An der Meeschterschaft läit den Dylan Pereira mat 35 Punkten op der drëtter Plaz, aacht Punkten hanner dem Leader Ghiretti.