Projet NLS geet 2025 virun, Chester Kieffer wiesselt vu Formel 4 op Porsche Cup

An der NLS-Saison ass de Porsche 992 GT3 Cup iwwer 5.300 Rennkilometer gefuer, dat ouni een eenzegen techneschen Defekt. Vu Losch krute 5 Mecanicienen d'Geleeënheet, bei de Rennasätz aktiv mat um Auto ze schrauwen, a vun der Erfarung vun de Black-Falcon-Mecanicienen ze profitéieren. / © Henri Schwirtz
E Mëttwoch den Owend hat "48 Losch Motorsport" invitéiert, fir e Réckbléck op d'Saison 2024 ze maachen, grad ewéi en Ausbléck op 2025.
48 Losch Motorsport ass dëst Joer eng éischte Kéier an der NLS um Nürburgring un den Depart gaangen, dat op engem Porsche 992 GT3 Cup. Si hu sech mam Black Falcon Team zesummegedoen, fir ënnert dem Numm "Black Falcon Team 48 Losch" an der Porsche Endurance Trophy Nürburgring (PETN) ëm Punkten ze fueren.
Et hat een um Ufank vun der Saison d'Zil erausginn, am Laf vum Joer sou konkurrenzfäeg ze sinn, dass een iergendwann ëm Podiumsplaze wéilt matfueren. Um Auto ware gesat de Lëtzebuerger Steve Jans, grad ewéi déi zwee däitsch Piloten Tobias Müller an Noah Nagelsdiek. Iwwert d'Saison sinn awer och nach Pilote wéi Morris Schuring a Gabriele Piana um Auto an den Asaz komm, dat well den Noah Nagelsdiek aus gesondheetleche Grënn ausgefall war.
D'Saison ass dann och besser gelaf, wéi ee sech dat erwaart hat. Schonn an der NLS2 konnt een d'Klass gewannen a Plaz 6 am General feieren. Bei den ADAC 24h Nürburgring Qualifiers déi Woch drop konnt een eng weider Victoire feieren an der PETN.
Bei der NLS5 huet de Steve Jans gefeelt, well hie kuerzfristeg keng Starterlabnis krut, nodeems e bei engem spontanen theoreteschen Test just 9 vun den 10 Froe richteg beäntwert hat. Seng zwee Teamkolleege konnten déi Manche nees gewannen, wouduerch Black Falcon Team 48 Losch fréizäiteg den Team-Titel feiere konnt, grad ewéi den Titel bei de Pilote fir den Tobias Müller.
Bei der leschter Course vun der Saison koum nach emol eng zweet Plaz fir d'Team eraus, wouduerch de Steve Jans sech nach op Plaz 3 bei de Pilote placéiere konnt.

De Steve Jans kënnt um Enn op Plaz 3 an der Pilotewäertung vun der Porsche Endurance Trophy Nürburgring, nodeems hien eng Course huet mussen aussetzen. Den Teamkolleeg Tobias Müller war d'Courssen all gefuer a konnt sech soumat de Fuerertitel sécheren. / © Henri Schwirtz
Well ee bei der 24-Stonne-Course just 7,5 Stonne gefuer war, dat wéinst dem Niwwel, deen d'Streck onbefuerbar gemaach hat, hat Black Falcon zesumme mat Losch kuerzfristeg decidéiert nach bei der 1. Editioun vum Porsche 992 Endurance Cup deelzehuelen. Dat ass eng 12-Stonne-Course, déi um Circuit vu Spa gefuer gouf. Hei konnten Tobias Müller, Noah Nagelsdiek, Loek Hartog a Christopher Mies sensationell eng Gesamtvictoire erafueren.
Fir d'Saison 2025 wëll 48 Losch Motorsport nees an der Porsche Endurance Trophy Nürburging un den Depart goen. E Mëttwoch den Owend huet den Tobias Müller scho seng Zouso ginn, nees am Cockpit vum 992 ze sëtzen. Den Thierry Beffort, CEO vu Losch ass zouversiichtlech, dass och den Noah Nagelsdiek d'nächst Joer nees mat u Bord ass. Mam Steve Jans lafen aktuell nach Verhandlungen, ma och do si souwuel Thierry Beffort, wéi och de Steve Jans zimmlech sécher, dass een nees zesumme wäert fannen.
Fir déi kommend Joren huet de Steve Jans sech dann och virgeholl, nees méi kompetitiv ze ginn op der Nürburgring Nordschleife, fir kënnen als Leader vun der Fuererbesetzung ze fungéieren, respektiv de Séiersten ze ginn. Well hien elo e puer Joer net méi sou aktiv op der Nordschleife war, géifen him wichteg Kilometeren an Erfarung um Auto feelen. Dat soll sech awer änneren.

Steve Jans, Tobias Müller, Noah Nagelsdiek (vlnr) / © Henri Schwirtz
Deemno dierft et also 2025 an der selwechter Konstellatioun nees um Nürburgring op Punktejuegd goen. Wierklech Drock verspiert den Thierry Beffort awer net... et wéilt ee sech weiderentwéckelen, a wann een nees un d'Succèsen uknäppe kéint, wier dat e Bonus. Bis elo ass et iwwregens nach kengem Team an der PETN gelongen, den Titel ze verdeedegen.

Den Thierry Beffort, CEO vu Losch, war ganz zefridde mat der éischter Motorsport-Saison a freet sech schonn op 2025. Hei sollen dann nach méi Leit d'Geleeënheet kréien, Motorsport vu ganz no erliewen ze kënnen. / © Henri Schwirtz
Nei déi nächst Saison ass dann awer, dass d'Team net méi ënner däitscher, ma ënner Lëtzebuergescher Lizenz wäert fueren. Sollt d'Black Falcon Team 48 Losch dann nees bei de Coursse ganz uewen um Podium stoen, dann héiert een och d'Lëtzebuerger Nationalhymne. Et wëll een iwwregens och nees am 992 Endurance Cup un den Depart goen, fir do den Titel ze verdeedegen.

Vill Leit haten de Wee op de Rouscht fonnt, fir bei der Pressekonferenz dobäi ze sinn. / © Henri Schwirtz
Den Thierry Beffort huet eis am Interview verroden, dass een e laangfristege Projet wéilt op d'Been stellen, dat och an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Automobilsportfederatioun ACLSport. Hei geet et dann och drëm, dass een iergendwann eng Kéier kéint mat engem reng Lëtzebuerger Team untrieden an dofir behält een de Lëtzebuerger Nowuess ganz speziell am Aen. Hei spillt dann och de Karting eng wichteg Roll, woumat d'Kartingspist zu Monnerech weider un Importenz gewënnt.
Chester Kieffer tauscht de Formel 4 géint e Porsche 911 GT3 Cup
Den 18 Joer jonken Chester Kieffer ass 2024 an de Faarwe vu Losch an der franséischer Formel 4 gefuer. Hei konnt hien ënnert anerem zu Lédenon an zu Spa déi 1. Plaz erausfueren. Um Enn vun der Saison hate se e bësse Problemer, wouduerch se knapp eng Podiumsplaz verpasst hunn an d'Saison op Plaz 4 ofgeschloss hunn.

An der franséischer Formel 4 ass et dem Chester Kieffer am Ufank vun der Saison direkt gelonge ganz uewen um Podium ze stoen. / © Henri Schwirtz
Fir 2025 ginn et da gréisser Changementer. Nodeems den Chester Kieffer no zwou Saisonen am Karting eriwwer an d'Formel 4 gewiesselt ass, geet et vum nächste Joer un an d'GT-Kategorie. Hei huet e sech fir Porsche entscheet an huet nawell en zimmlech gutt gefëllte Programm, dat am "Schumacher CLRT"-Team.
Fir unzefänken, wëll hien de Porsche Sprint Challenge Southern Europe fueren, éier et da weidergeet mam Porsche Carrera Cup Frankräich.
Hei waarde Circuite wéi Portimao an Estoril (Portugal), Valencia a Barcelona (Spuenien), Dijon a Paul Richard (Frankräich), grad ewéi Misano (Italien) a Spa Francorchamps (Belsch) op de jonke Lëtzebuerger. Bis op Misano ass hien op all dëse Strecke schonn emol gefuer.

Den Chester Kieffer huet grouss Ziler fir d'Zukunft a wëll iwwer kuerz oder laang Porsche Wierksfuerer ginn. / © Henri Schwirtz
Am Interview huet den Chester Kieffer eis verroden, dass him bewosst ass, dass hien eng Zäit wäert brauchen, fir sech un den neien Auto ze gewinnen.
Deemno ass et och e Projet, deen éischter op zwou bis dräi Saison ausgeluecht ass, mat um Enn dem Zil, sech als Porsche Junior eng Chance op e Kontrakt als Porsche Wierksfuerer ze erkämpfen.
Déi éischt Course gëtt schonn den 18.-19. Januar gefuer, dat zu Portimão (Portugal), Saisonofschloss ass vum 3.-5. Oktober um Cicuit Paul Ricard a Frankräich.
Matten an der Saison steet awer nach e weidere wichtege Rendez-vous um Programm fir den Chester Kieffer, well hien ass op Première an huet dann Examen. Et gëtt also en ustrengend Joer 2025.