Gil Linster beim Optakt zu Valencia direkt um Podium

© Julien Ramos / Imagify Visual Studio
De Gil Linster ass mat engem staarken Optrëtt an déi nei Saison vun der EuroNASCAR gestart, dat op engem neien Auto an an engem neien Team.
De Gil Linster ass mat engem staarken Optrëtt an déi nei Saison vun der EuroNASCAR gestart. Fir d’éischte Kéier fiert hien dëst Joer fir Rette Jones Racing – dat éischt amerikanescht NASCAR-Team, dat de Schrëtt an d’EuroNASCAR gewot huet.
Beim Optakt am spuenesche Valencia huet de Lëtzebuerger mat sengem Ford Mustang direkt fir eng Iwwerraschung gesuergt an d’Course als zweeten op en Enn bruecht.
D’Saison huet wéi gewinnt ënnert sonnegen Bedingunge zu Valencia ugefaangen. An de Fräien Traininge konnt de Gil Linster sech all Kéier an den Top Fënnef placéieren. Am Qualifying huet hie säi Ford Mustang mat der Nummer 30 op déi siwent Plaz gesat an ass aus der véierter Rei gestart.

© Julien Ramos / Imagify Visual Studio
Direkt um Start konnt hien e puer Plazen guttmaachen an ass als Véierten an déi zweet Ronn gaangen. Bei enger Full-Course-Yellow-Phas huet hie sech nom Restart bis op déi zweet Plaz no vir gekämpft – eng Positioun, déi hie bis op d’Zillinn verdeedegt huet.

© Julien Ramos / Imagify Visual Studio
"Ech si ganz zefridden mat dësem Resultat", sot e mega begeeschterte Gil Linster no der Course. "Et war en haart erkämpften Podium, mee d'Team huet mir en exzellenten Auto zur Verfügung gestallt. Ech si mega frou iwwer mäin Resultat. Och fir Rette Jones Racing ass et en Super Resultat, fir bei hirer éischter Course an Europa direkt op de Podium ze fueren".
D’Course gouf vum Griich Thomas Krasonis gewonnen, den Éisträicher Patrick Schober huet de Podium op Plaz 3 komplettéiert.
E Sonndeg steet déi zweet Course um Programm – de Gil Linster geet da vun der 6. Startplaz un de Start. Déi Course kënnt Dir och am Livestream op RTL.lu suivéieren, dat vun 10.45 Auer un.