Formel 1D'Pole Position am Katar ass fir den George Russell

Ted Koob
De Kimi Antonelli geet hannert dem Britt och aus der 1. Rei un den Depart. D'McLaren-Piloten Norris a Piastri gi vun de Plazen 3 a 4 an d'Course.
Am Katar war den George Russell am Qualifying net ze schloen.
Am Katar war den George Russell am Qualifying net ze schloen.
© ALBERTO VIMERCATI / ALBERTO VIMERCATI / DPPI VIA AFP

Am Qualifying vum Grousse Präis vum Katar war den George Russell um Mercedes de Séiersten an huet sech d'Pole Position geséchert. Hannendru gouf säi Mercedes-Teamkolleeg Kimi Antonelli den Zweeten. Aus der 2. Rei fuere Lando Norris an Oscar Piastri fort. Den Isack Hadjar ass eng staark Qualifikatioun gefuer a gouf virum Verstappen de 5.. Ferrari ass mam Circuit net eens ginn, Leclerc an Hamilton sinn am Qualifying op de Plaze 7 an 9 iwwer d'Arrivée gefuer. Eng Plaz virum Hamilton ass den Arvid Lindblad (Racing Bulls) ukomm.

De Grousse Präis am Katar gëtt e Sonndeg um 17 Auer Lëtzebuerger Zäit gefuer. Vu 16:30 Auer u kënnt Dir op RTL ZWEE an RTL Play live bei der zweetleschter Course vun der Saison dobäi sinn.

Nom Q1 war fir d'Aston-Martin-Piloten Alonso a Stroll, fir d'Cadillac-Pilote Bottas a Perez a fir Albon a Sainz um Williams de Qualifying eriwwer.

Fir dräi Ecurië war mat hiren zwee Fuerer nom Q2 Schluss. De Bearman um Haas huet d'Topp 10 knapp verpasst. Säin Teamkolleeg Camara huet den Auto och missen ofstellen. Fir de Bortoleto an Hülkenberg um Audi an de Gasly a Colapinto um Alpine war de Qualifying nom Q2 fäerdeg.

Am Q3 war géint béid Mercedes-Piloten kee Kraut gewuess. McLaren a Red Bull goufen am Qualifying kloer geschloen. Ferrari war nach méi lues an de Lindblad huet sech am leschte Moment nach virum Hamilton placéiert.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

Formel 1 Kalenner Saison 2026
Fannt am Dokument déi genee Iwwerdroungszäite vun der Formel 1 op RTL.

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO