Gil Linster an Loris Cencetti iwwerzeegen och bei zweeter Course zu Oschersleben
Och an der zweeter Course vum EuroNASCAR-Weekend zu Oschersleben hu sech déi zwee Lëtzebuerger Pilote vun hirer beschter Säit gewisen.
Um Enn gouf de Gil Linster de Véierten an de Loris Cencetti den zwieleften.
"Et war eng immens intensiv Course fir mech. Vum Start u wollt ech no vir fueren, mee ech hungläichzäiteg misste verhënneren, selwer iwwerholl ze ginn. No mengem Podium (P3) vu gëschter sinn ech och mat der véierter Plaz haut ganz zefridden," esou de Fréisenger Gil Linster no der Course.
Och den Loris Cencetti war mam Resultat vum Sonndeg zefridden:
"Gëschter war alles nei fir eis. Iwwer Nuecht hu mir den Auto komplett ëmgebaut. De geännerte Setup huet haut wierklech gutt funktionéiert."
D’Course gouf vum griichesche Pilot Thomas Krasonis gewonnen, deen domat seng Féierung an der Gesamtwäertung weider konnt ausbauen.
Als nächst geet et den 11. an 12. Oktober op Zolder an der Belsch, op déi entscheedend Finallen vun der EuroNASCAR-Saison. Well de Circuit vun Zolder no beim Grand-Duché ass ginn do vill lëtzebuergesch Fans erwaart, fir d’Lëtzebuerger Piloten unzefeieren.