Zu Valencia goufen d'Manchen néng an zéng vum "Porsche Carrera Cup Frankräich" um Ricardo-Tormo-Circuit gefuer.

An der éischter Course vum Weekend ass den Chester Kieffer e Samschde vun der 8. Plaz an Course gaangen. Nom Depart konnt de jonke Lëtzebuerger sech ëm zwou Plaze verbesseren. Um Enn ass de Schumacher-CLRT-Pilot an enger roueger Course als 6. an als beschte Rookie iwwert d’Arrivée gefuer. Gewonnen huet den Fransous Mathys Jaubert virum Marcus Amand aus Finnland an dem Belsch Benjamin Paque.
 
Déi zweete Course um Sonndeg war méi turbulent. Virum Start huet et ugefaange mat reenen an deementspriechend gouf d'Course hannert dem Safty Car lancéiert. D'Pist huet awer relativ séier ofgedréchent an den Chester Kieffer huet nom 2. Tour d'Pneue gewiesselt. Et huet sech erausgestallt, dass sech dee Courage sollt lounen, well de Lëtzebuerger sech op der 3. Platz am General erëmfonnt huet. Et hätt säin zweete Podium dëst Joer kéinte ginn. Am leschten Tour gouf hien awer vum routinéierte Marvin Klein iwwerholl.
 
Och wann den Chester Kieffer kee Podium feiere konnt, ass hie fir déi 9. Kéier dës Saison als beschte Rookie iwwert d’Arrivée gefuer. An dësem Klassement feelt him elo nach 1 Punkt, fir dëse Championnat ze gewannen.
 
Déi nächst Méiglechkeet, Punkten ze sammelen, gëtt et an zwou Wochen. Dann ass d'Final vum Porsche Carrera Cup Frankräich, déi um Circuit Paul Ricard gefuer gëtt.