E Samschdeg ass am Éislek déi 5. Editioun vun der Rallye Lëtzebuerg gefuer ginn. No 12 Speciallen a ronn 130 Kilometer gouf et eng Victoire fir de Belsch Adrian Fernémont mat sengem Kopilot Samuel Maillen. Eng staark Leeschtung hunn um Samschdeg awer och d’Lëtzebuerger Pilote gewisen. Mam Ronny Foxius (Kopilot Luc Arend) an dem Steve Zimmer (Kopilot Joel Tousch) hunn zwee Fuerer aus dem Grand-Duché et op de Podium gepackt.
Den Equipage Gilles Jacoby a Joé Mersch ass am Lëtzebuerger Klassement op déi drëtte Plaz gefuer. Si sinn déi 6. am General ginn.
Déi véier Equipagë si mat engem Skoda Fabia gefuer.
RTL-Artikel: Rallye Lëtzebuerg: Vill Kappzerbrieches fir een Dag Rallye
RTL-Artikel: 59 Autoen um Depart: Um Weekend ass de Rallye de Lëtzebuerg ronderëm Housen