Wéi e Freideg déi éischt Autoen op der Houschter-Déckt op der Streck vum Shakedown waren, konnt d'Equipe ronderëm de Serge Reding endlech opootmen.

Rallye de Luxembourg / Reportage Jean-Marc Sturm

All d'Efforten aus de leschte Méint waren net ëmsoss. Eng vun den eenzegen Autoscourssen am Land, déi bis elo iwwerlieft huet, huet et fir ee weidert Joer gepackt.''Mir si just e klenge Veräin mat 11 Memberen. Dofir si mer onbedéngt op Leit aus dem Ausland ugewisen, déi eis hëllefen. An och Leit aus der Ëmgéigend, déi eng Hand mat upaken. D'Streckeposten, dat sinn eleng eng 130 Leit, déi fir Sécherheet suergen. Dobäi kënnt dann nach de Catering. Leit hei am Service Park. Um Enn hu mer eng 250 Leit, déi de ganze Rallye encadréieren.''

Sou den Andy Brücker vun der Ecurie Roude Léiw. 

No zwee Joer Zwangspaus, bedéngt duerch d'Covid-Pandemie, stinn Equipagen aus 7 verschiddene Länner um Depart. Um Programm: Eng 175 Kilometer mat deels usprochsvolle Spezial-Etappen. Esou ee Parcours op d'Been ze stellen, ass fir d'Organisateure vun der Ecurie Roude Léiw mat vill Kappzerbrieches verbonnen.

Rallye-Sport ass net ongeféierlech. Fir d'Equipagen am Auto, awer och fir d'Leit laanscht d'Streck. Dofir muss alles bis an den allerleschten Detail duerchorganiséiert ginn. E ganzt Sécherheetskonzept gëtt op d'Bee gestallt: Wou muss ofgespaart ginn? Wou däerfe Spectateure stoen? 128 Barrière 'Route Barrée', 16 schwéier Stréibotten, 50 där sougenannt Spaassbremsen.

Zanter Oktober streckt den haarde Kär vum Organisatiounscomité d'Käpp zesummen. Mat ganz am Ufank der Fro: Wou däerf iwwerhaapt nach Rallye gefuer ginn?

De Serge Reding vun der Ecurie Roude Léiw erkläert:

''Op Landstroossen däerf gefuer ginn. Natura 2000 a Vulleschutzzonen, op engem normale Feldwee, där mer der vill hei am Eisléck hunn, do däerfe mer net fueren. Soss kréie mer en negativen Avis. Wa mer dat bis respektéieren, da kucke mer, wat nach iwwreg bleift fir ons Strecken. Da gëtt dat offiziell un d'Gemengen, un all d'Instanzen. Dat gi méi oder manner eng 21 Geneemegungen, fir dat mer de Rallye fuere kënnen. '' 

Hei weist de Frank Wolff vun der Naturverwaltung drop hin, datt net exklusiv den Autosport viséiert ass. Mat an Tëschenzäit Honnerten Evenementer déi iwwer d'Joer an der Natur organiséiert ginn. Tendenz weider steigend. Mat fir jiddwereent mat engem gewëssen Impakt op Fauna a Flora.

''Mir wëllen sou wäit wéi méiglech evitéieren, datt Aktivitéiten an der Nuecht stattfannen, well mer wierklech der Iwwerzeegung sinn, datt d'Nuecht soll eng Period sinn, wou d'Déieren an d'Fauna allgemeng soll seng Rou hunn. Datt mer da sollen aus de Bëscher an allgemeng aus der Natur eraus bleiwen. Dat sou mann wéi méiglech Kaméidi gemaach gëtt. Dat sou mann wéi méiglech Saache mussen opgeriicht ginn, déi eventuell Perturbatioune maachen.''

De Cahier des Charges ass impressionant. Vun Ëmwelt bis, wat de Rallye-Sport ubelaangt och d'Sécherheet. Fir de Fall, wou en Accident geschéie géif, muss op jiddwerenger vun de 4 Speciallen e ganzt Rettungsteam zur Verfügung stoen. Deels spezialiséiert Personal, wat fir esou e Rallye kaum nach opzedreiwen ass.

Den Andy Brücker:

''Op esou engem Weekend direkt 4 Anästhesiste Réanimateur ze fannen, déi Zäit a Loscht hunn e ganzen Dag op engem Rallye ze sëtzen, ass net esou einfach. Mir kënnen och net deen Tarif bezuelen, dee se géifen normal verdéngen. Da brauche mer nach Ersatz-Ambulanzen, déi tëscht de Spezial-Etappe stinn. Am Fall, wou eppes méi géif geschéien, dann hu mer direkt eng zweet Ambulanz. Do ass all kéiers e Generalist als Dokter dran. A mam neie CGDIS-Reglement, kënne mer net op Ambulanzen vum CGDIS zeréckgräifen. Dat heescht, mir musse privat Ambulanze lounen. Well wa mir eng Ambulanz vum CGDIS hätten, an et géif an der Géigend eppes geschéien, déi muss direkt fort an da steet de Rallye."

E weidert Beispill, wat weist, wéi vill Asaz a wéi vill Idealismus, net just op Säite vun den Organisateuren néideg sinn, datt esou e Rallye och nëmmen wärend engem Dag iwwert d'Bün ka goen.

An dobäi ass den Autosport keen Eenzelfall.