E Samschdeg an e Sonndeg gëtt zu Housen nees de Rallye de Luxembourg gefuer. 59 Autoen aus villen europäeschen Länner sinn um Depart.

No 2 Joer Coronapaus war et fir d'Organisateuren net einfach, nees de richtege Rhythmus ze fannen. Trotzdeem gouf och dëst Joer nees eng flott Editioun op d'Been gestallt. Zwee Joer laang hunn déi Lëtzebuerger Rallye-Begeeschtert drop gewaart. De Rallye de Luxembourg steet virun der Dier. Nodeems d'Planunge fir d'Editioun vun 2020 fäerdeg waren, huet dëse misse corona-bedéngt ofgesot ginn. D'Organisateuren hunn e bësse gebraucht, fir no der laanger Paus nees hire Rhythmus ze fannen. Allerdéngs hu si och dëst Joer nees eng flott Editioun op d'Been gestallt. Dozou de President vun der Ecurie Roude Léiw Andy Brücker.

"Wourop d'Leit sech freeë kënnen, ech denken, datt einfach emol erëm Automobilsport zu Lëtzebuerg gefuer gëtt. Et gëtt jo bal näischt méi organiséiert. D'Biergcourse zu Eschduerf ass net organiséiert ginn. Déi eenzeg, déi nach eppes op d'Been gestallt kréien, dat ass den High Speed Racing Club Lëtzebuerg, wat op alle Fall emol fir d'Lëtzebuerger Championnat zielt. A vun dohier et ass einfach Spëtzesport am Rallye mat internationale Piloten. Si kommen aus 7 verschiddene Länner. Et ass och dee belsche Stellantis Cup, deen heihinner fuere kënnt, wou och Top-Pilote mat um Depart sinn. Dorënner och den dräifache Gewënner vum Rallye Lëtzebuerg. Also ech denken, do, wann ee sech fir Rallyesport interesséiert, wäert een definitiv op seng Käschte kommen."

De Parcours huet par Rapport zu 2019 immens vill geännert. Deels gëtt deen anere Wee gefuer, deels si Plaze verlängert oder verkierzt ginn. Dëst bréngt mat sech, datt déi Fuerer, déi déi lescht Editioun mat dobäi waren, kee Virdeel hunn an all Mënsch gefuerdert gëtt.

Net am Starterfeld mat dobäi ass de COSL-Elitesportler Grégoire Munster. Den 23 Joer jonke Lëtzebuerger ass op der 25-Stonne-Course zu Spa um Circuit am Asaz. Trotzdeem kënne sech d'Spectateuren nees op eng international gutt besaten Editioun freeën.

"Jo, do ass d'Last-Minute-Meldung erakomm vum zweefache belsche Champion. Ech denken dat ass definitiv derwäert, fir deen op der Rechnung ze hu fir d'Gesamtvictoire. Do wäert e sech musse moosse mat engem Steve Fernandes, dem aktuelle Lëtzebuerger Champion. De Ronny Foxius ass déi leschte Kéier mat op de Podium gefuer, deen ass och ëmmer staark bei sengem Heem-Rallye. An do sinn awer aner Leit, wéi e Steve Zimmer, e Gilles Jacoby oder virun allem nach de Fransous Christophe Wiltz, dee mir net esou richteg aschätze kënnen. Hie gewënnt a Frankräich och Rallyen, dat heescht hie kéint och hei eng zimmlech grouss Roll spille fir eng Podiumplazéierung oder wie weess villäicht esouguer fir d'Victoire."

Beim Heem-Rallye sinn natierlech och nees vill Lëtzebuerger mat um Depart. Den Andy Brücker denkt, datt sou muncher een eng gutt Roll ka spillen.

"Wat d'Lëtzebuerger ugeet, denken ech, ass et virun allem de Steve Fernandes, dee wäert eng Roll kënne spillen, fir ganz vir mat bäi ze sinn. En huet den Auto dofir, en huet d'Erfarung dofir, en huet de Speed dofir. Et ass elo ze kucken, wéi gëtt eben de Belsch Adrien Fermement eens hei op dësem Terrain. Fir de Rescht e Ronny Foxius ass ëmmer staark bei sengem Heem-Rallye. E Steve Zimmer ass elo mat engem top Won hei um Depart. Also ech denken dat sinn esou déi Leit bei de Lëtzebuerger, déi wäerte kënnen eng Roll ganz vir matspillen."

Lass geet et e Samschdeg um 8 Auer. Weider Informatioune fannt Dir op Rallye.lu oder op hirer Facebook-Säit.