
Et ass eent vun de wéinege Liewenszeechen zanter sengem schlëmme Schiaccident am Joer 2013. De Rekordweltmeeschter Michael Schumacher huet mat Hëllef vu senger Fra e Formel-1-Helm fir den fréiere brittesche Weltmeeschter Jackie Stewart mat sengen Initialen ënnerschriwwen. De Stewart wëll mam Helm Sue fir seng Demenz-Stëftung “Race against Dementia” sammelen.

Den Helm gëtt e Sonndeg am Kader vum Grousse Präis vu Bahrain der Ëffentlechkeet gewisen a soll versteet ginn. Den Jackie Stewart fiert an deem Helm eng Éiereronn mat sengem WM-Auto vun 1973.
Alleguerten d’Formel-1-Weltmeeschter, déi nach liewen, hunn drop ënnerschriwwen. Mat der Ënnerschrëft vum Michael Schumacher wier d’Sammlung komplett, huet sech den Jackie Stewart gefreet.