Formel 1Nei F1-Saison: nei Autoen, nei Piloten, nei Reegelen

RTL Lëtzebuerg
De Weekend vum 20. Mäerz fänkt déi nei F1-Saison un. De gréisste Changement sinn déi nei Autoen. Mä och beim Oflaf vum F1-Weekend ginn et vill Neierungen.
© AFP

Autoen: nei Aerodynamik & E10-Sprit

Och wann d’Saison 2021 extrem spannend war, wënsche sech vill F1-Fans méi enk Coursse mat spektakulären Zweekämpf. Fir dat ze erméiglechen, huet d’FIA e komplett neit Technik-Reglement formuléiert. Déi ganz Aerodynamik gouf esou modifizéiert, dass d’Turbulenzen hannert den Autoe reduzéiert solle ginn. Wéinst dëser sougenanntener “dirty air” hunn d’Pilote relativ vill Ofstand missten halen. Elo hofft een, de Phänomen vun der “knaschteger Loft” esou wäit ze limitéieren, dass erëm méi iwwerholl ka ginn. Déi éischt Coursse musse weisen, ob déi Rechnung opgeet.

Wärend d’Aerodynamik komplett nei ass, ginn et ënnert der Karosserie nëmme kleng Changementer. D’Formel1 fiert dës Saison mat Sprit, deen zu 10 Prozent bio-synthetesch ass (de sougenannten E10-Sprit). Dowéinst waren divers Upassungen um thermesche Motor néideg. Mä de Grondprinzip vum F1-Undriff bleift nach bis Enn 2025 onverännert: en Turbo-6-Zylinder mat duebelem Hybridsystem (MGU-H + MGU-K).

Piloten: Éischte Chines an neien Hamilton-Teamkolleeg

Piloten: Éischte Chines an neien Hamilton-Teamkolleeg

Kuerz virum Saisonsoptakt koum nach emol Beweegung an de F1-Peleton. De Russ Nikita Mazepin huet säi Cockpit beim Haas-Team verluer a gëtt duerch de Kevin Magnussen ersat. Den dänesche Pilot feiert deemno no engem Joer Paus e Comeback am F1-Haas.

AlfaRomeo geet mat engem komplett neie Piloten-Duo un den Départ. De Kimi Raikkonen ass zeréckgetrueden, an den Antonio Giovinazzi krut de Kontrakt net verlängert. Mam Guanyu Zhou (ausgeschwat: “Joe”) krut elo den éischte Chines e Vollzäit-F1-Kontrakt. Hie gouf d’lescht Joer Drëtten am F2-Championat. Säin Alfa-Teamkolleeg gëtt de Valtteri Bottas, deen no fënnef Saisonen un der Säit vum Lewis Hamilton d’Team huet misste wiesselen.

Mercedes huet nämlech am Ex-Williams-Pilot George Russell méi Potential gesinn a geet dës Saison mat engem reng brittesche Piloten-Duo un den Depart. Déi fräi Plaz bei Williams huet sech den Ex-Red-Bull-Mann Alex Albon geséchert, dee grad ewéi de Kevin Magnussen no engem Joer Paus säi F1-Comeback feiert.

Red Bull, Ferrari, McLaren, AstonMartin, Alpine an AlphaTauri gi mat enger onverännerter Besetzung an déi nei Saison.

Renndirektioun: Michael Masi ersat

No der ëmstriddener Finall zu Abu Dhabi stoung de Renndirekter Michael Masi massiv an der Kritik, virun allem am Mercedes-Hamilton-Lager. Den Australier krut elo bei der FIA en neien Job. Als F1-Renndirekter wiessele sech dës Saison zwee Leit of: den Niels Wittich (Ex-DTM) an den Eduardo Freitas (Ex-WEC). Si gi vum Herbie Blash assistéiert, dee schonn ënnert dem Charlie Whiting Renndirekter adjoint war. Bei der FIA zu Paräis gëtt wéi am Fussball e Video-Schidsriichter (VAR) installéiert, deen d’Renndirektioun assistéiere soll. D’Fonkspréch tëschent den Teams an der Renndirektioun ginn net méi op der Tëlee iwwerdroen an ënnerleien an Zukunft méi strenge Reegelen, fir dass d’Teams d’Renndirektioun net méi esou staark beaflosse kënnen.

Kalenner: We are going to Miami!

Och wann de Grousse Präis vu Russland annuléiert gouf, hält d’F1 un hire Pläng vun 23 Coursse pro Saison fest. Den Ersatzkandidat fir Sotschi steet nach net fest, mä Istanbul (Tierkei) a Sepang (Malaysien) kréie gutt Chancen nogesot. Melbourne (Australien), Montreal (Kanada), Marina Bay (Singapur) a Suzuka (Japan) feieren no enger corona-bedéngter Paus hire Comeback am F1-Kalenner. Portimao (Portugal) an Doha (Qatar) tauchen net méi am Kalenner op.

Donieft gëtt et eng fonkelnei Course an zwar zu Miami ronderëm den Dolphins-Stadion. De Grousse Präis vu Miami ass déi zweete Course an den USA. Den US-GP gëtt wéi gewinnt zu Austin gefuer.

PDF: Hei fannt Dir de Kalenner vun der neier Saison

Back to Top
CIM LOGO