WRC Rallye-WMOtt Tänak op Hyundai wënnt de Rallye Ypres ,Munster op 11, Fernandes op 26

RTL Lëtzebuerg
Mat der Victoire vum Ott Tänak kann de Pilot aus Estland de Réckstand an der WM op de Kalle Rovanperä weider verkierzen.
© AFP

Et war dem Ott Tänak seng 3. Victoire an dëser Saison. Et war um Enn awer eng ganz knapp Victoire beim Rallye Ypres, louch den Tänak am Zil nëmme 5 Sekonne virum Toyota-Pilot Elfyn Evans.

De WM-Leader Kalle Rovanperä huet dogéint kee gudde Weekend gehat. De Finn hat sech schonn e Freideg no engem Fuerfeeler iwwerschloen an hat deemno keng Chance méi op d’Victoire. No der Reperatur vu sengem Auto konnt hien nees un der Rallye deelhuelen a konnt sech um Enn ëmmerhin nach 5 Bonuspunkte fir de Gewënn vun der Powerstage sécheren. Säi Virsprong an der WM op den Ott Tänak läit elo bei 74 Punkten.

Lëtzebuerger Piloten

Mam Grégoire Munster a mam Steve Fernandes waren och zwee Lëtzebuerger Piloten zu Ypres am Asaz.

De Grégoire Munster ass mat sengem belsche Copilot Louis Louka op engem Hyundai i20 N Rally2 ugetrueden, wat allerdéngs net ganz ouni Problemer am Virfeld iwwert d’Bün gaangen ass. Si waren nämlech eng Woch virum Ypres Rally en Testrallye an der Belsch gefuer, bei deem si e schwéieren Accident haten, an den Hyundai ellen demoléiert gi war. Si konnten awer op en Ersatzauto vun engem Client vu BMA zeréckgräifen, fir de Rallye awer fueren ze kënnen.

De Grégoire Munster ass an der WRC2-Junior Kategorie ugetrueden, an hat do och zimmlech fréi d’Féierung am Klassement eruewert, dëst virum Britt Chris Ingram. Am Laf vum Samschdeg ass den Ingram awer ëmmer méi no erukomm un de Munster, sou dass et um Sonndeg nach emol spannend sollt ginn. Direkt op der 1. Special um Sonndeg konnt den Ingram 10,7 Sekonne guttmaachen, an huet domat d’Féierung iwwerholl, dat mam minimale Virsprong vun 0,1 Sekonnen. Op den zwou nächste Speciallen konnt den Ingram de Virsprong liicht ausbauen. Eng Beschtzäit op der leschter Special ass net méi duergaange fir de Munster, wouduerch et um Enn déi 2. Plaz an der Junior-WRC-Wäertung war, just 8,1 Sekonnen hannert dem Ingram. Am General war et eng exzellent 11. Plaz op dësem immens staark besate Rallye.

Och de Lëtzebuerger Rallye-Champion Steve Fernandes hat decidéiert bei dësem WM-Laf un den Depart ze goen, dat op engem Skoda Fabia R5. Op der Co-Piloteplaz souz net wéi gewinnt den Olivier Beck, ma de Christophe Leroy, well den Olivier Beck kee Congé kritt huet. Si haten dann och de selwechte Preparatiounsrallye mat an den Agenda geholl, wéi och de Grégoire Munster, de Rallye van Staden. Hei sinn eng ganz Partie international Equipagen ugetrueden, well se hei an enger separater Wäertung konnte fueren, ouni sech mussen un z.B. Regroup-Zäiten ze halen. Dat war optimal fir den Auto op déi Strecken anzestellen, déi änlech vum Profil waren, wéi dat wat zu Ypres op d’Pilote sollt duerkommen.

© Honza Fronek

D’Preparatioun war dann och gutt gelaf fir de Steve Fernandes an de Christophe Leroy, woumat si mat engem gudde Gefill un den Depart gaange si vum WM-Laf. Op der 1. Special konnte se an engem Feld vu 37 Autoen an hirer Kategorie déi 20. Zäit fueren. Op der 2. Special hate se dunn awer e Platten op de leschte Kilometer, wouduerch se natierlech eng Partie Zäit verluer hunn. Op der 3. Special koum dunn nach eng Zäitstrof vun enger Minutt dobäi, well se ze fréi an d’Stempelkontroll gefuer sinn. Domat war scho ganz fréi eng “gutt” Placéierung quasi onméiglech ginn an d’Moral, grad ewéi d’Laun, ware beim Steve Fernandes zimmlech gedréckt. Hien huet sech awer um Rimm gerappt an un all déi Aarbecht am Virfeld geduecht, déi dat ganzt Team geleescht hat. Dofir wollt hie vun deem Ament un just nach de Rallye genéissen an den Auto an engem Stéck heembréngen.

© Honza Fronek

Dat ass him dann och deels gelongen... well gelidden haten haaptsächlech Felgen a Pneuen, därer ganzer 7 mat futtisser Flank hu mussen aussortéiert ginn.

De perséinlechen Highlight fir de Steve Fernandes war dunn d’Powerstage, also déi lescht Special vum Rallye. Hei gouf et e Regroup, bei deem hien de Star-Piloten aus der WRC du ganz no komm ass, an en och dat eent oder anert Gespréich féiere konnt. Dat war dunn nach emol eng Kiischt um Kuch, nodeems hien de ganze Weekend iwwer ëmmer nees sengem Idol, dem Patrick Snijers begéint ass an och profitéiert huet, fir eng Foto mat him ze maachen.

Um Enn war et eng 26. Plaz ënner 69 Equipagen op der Arrivée, grad ewéi eng 17. Plaz an der Kategorie RC2.

© Honza Fronek

Back to Top
CIM LOGO