
An déi éischt Course war fir de Gil Linster séier eriwwer.
De Lëtzebuerger, deen op der Pole Position gestart war, hat direkt am éischten Tour een Accrochage. Domadder war d’Course fir hie gelaf. D’Erwaardunge ware grouss, nodeems de Gil Linster dëst Joer bei der Nascar-Course zu Daytona an den USA de Siwente gouf, an domat dat bescht Resultat vun engem Europäer an der Nascar realiséiert hat.