
Besser hätt de Start an déi nei Endurance-WM-Saison fir de Weltmeeschter Suzuki net kënne sinn. D’Ekipp “Yoshimura Sert Modul” mam Xavier Simeon, Gregg Black a Sylvain Guintoli huet sech no enger staarker Leeschtung mat engem Virsprong vun 8 Ronnen d’Victoire bei de 24 Stonne vu Le Mans geséchert. Fir Suzuki war et schonn déi 13. Victoire beim Klassiker. SRC Kawasaki ass mam Jérémy Guarnoni, Erwan Nigon an dem David Checa eng onopfälleg Course gefuer. Um Enn ass fir d’Kawasaki-Wierksteam déi zweete Plaz erausgesprongen. Um Podium stoung nach d’BMW Motorrad World Endurance Team. No enger schlechter Ufanksphas mat der Chute vum Markus Reiterberger an Elektronikproblemer ass et um Enn awer nach fir déi drëtte Plaz duergaangen.
Fir den eenzege Lëtzebuerger an der Course Chris Leesch a seng Ekipp war d’Course séier eriwwer. Nodeems de 25 Joer ale Lëtzebuerger direkt am Ufank mat senger Honda CBR 1000 vun engem Konkurrent ofgeschoss gouf an doropshin an eng spektakulär Chute verwéckelt war, huet säi Moto ugefaange Feier ze fänken. An der Box hu se nach probéiert, de Moto ze flécken. De Chris Leesch huet et dunn och nach emol op der Streck probéiert. Et hat awer kee Wäert méi an esou war d’Course an der Superstock Kategorie fir d’Ekipp eriwwer.
Le Mans war déi éischt vu fënnef Statioune vun der Endurance-WM-Saison 2021.

