
Den Opsteiger aus der Enovos League hat sech virun der Wanterpaus vum Antonio Lopez getrennt. Et war schonn de fënneften Trainerwiessel bei den Hären des Saison, nodeems den T71 Diddeleng, d’Musel Pikes, den AB Contern an d’Résidence Walfer schonn den Trainer gewiesselt haten.
D’Steelers stinn an der Tabell op der aachter Plaz an domat op enger Play-off-Plaz, dat mat véier Victoiren an aacht Defaiten. Den Alex Pires kennt de Lëtzebuerger Basket, hie war ënner anerem schonn zu Hiefenech, Steesel an um Gréngewald aktiv. Den éischte Match mam neien Trainer spillen d’Steelers den 8. Januar géint den aneren Opsteiger Racing Lëtzebuerg.